Pénurie vun Dreifstoff op TankstellenPublished by Marc Goergen onWéi lessentiel.lu an engem Artikel vum 2te November beriicht, koum et iwwert de vergaangene Weekend zu Versuergunsenkpäss op verschiddenen Tankstellen hei am Land, wouropshin dës Tankstellen hu missten op d’Noutreserv zeréckgräifen, wat awer och net verhënnert huet, dass verschidden Tankstelle ganz ouni Dreifstoff bliwwe sinn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Aus wéi enge Grënn konnten trotz de strategesche Reserven, déi Lëtzebuerg ugeluecht huet, d’Enkpäss op verschiddenen Tankstellen net verhënnert ginn?Wéi schnell kënnen déi strategesch Reserven am Besoin vun den Tankstellen ugezaapt ginn?Mat der Energiewend wäert an Zukunft de Konsum vu fossille Brennstoffer erofgoen.

Allerdéngs stellt sech dann d’Fro, wéi een och hei strategesch Reserve kann uleeën an esou Liwwerenkpäss ka verhënneren (zB bei engem gréissere Stroumausfall)?QP Nummer 518620211104 QP GOERGEN Pénurie vun Dreifstoff op Tankstellen.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.