Projet de loi n°8383 et n°8384D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:An hirem Budgetsrapport huet d’Madamm Rapportrice erkläert, datt si sech e Centre de crédit nom belsche Modell mat Upassungen un d’Lëtzebuerger Gesetzgebung wënscht ;De System vum “Credit Scoring” gëtt et schonn a verschidden anere Länner, dorënner d’USA an Däitschland.

An den USA ass dëse System staark ëmstridden. “A Long History of Discrimination Affects the Data That Credit Scoring Models Use Today” titelt zum Beispill d’Forbes Magazin wëll vill Leit aus Minoritéite “Credit invisible” sinn. Si hu kategoresch méi schlecht Scoren, well se historesch gesinn zum Beispill méi schwéier Accès zu enger eegener Wunneng haten (https://www.forbes.com/advisor/credit-cards/from-inherent-racial-bias-to-incorrect-data-the-problems-with-current-credit-scoring-models/ ). Och koum et schonn zu massiven Data Leaks an Amerika duerch esou Firmen (https://en.wikipedia.org/wiki/2017_Equifax_data_breach)  ;Och an Däitschland ass d’Schufa staark ëmstridden, well d’Bierger:innen musse gefrot gi fir ze bezuele fir Informatiounen iwwert hir Donnéeën an hire Score ze kréien, d’Schufa Profit mécht ( ronn 250 Milliounen 2021 ) an et ëmmer erëm zu Feeler am System kënnt déi d’Leit zu Onrecht méi schlecht klasséiere (https://www.spiegel.de/wirtschaft/service/schufa-wie-ich-zum-deutlich-erhoehten-risiko-wurde-a-1193506.html ) ;Lëtzebuerger Residente sinn duerch d’Bankgeheimnis geschützt sinn an och d’Budgetsrapportrice sot, datt d’Bankgeheimnis an den Dateschutz an dësem Fall misste respektéiert ginn ;D’Beispiller am Ausland weisen, datt den Dateschutz bei esou risegen Datebanken déi duerch eng Centrale de crédit entstinn, net ginn ass ;Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:Keen Credit Scoring a keng Centrale de crédit zu Lëtzebuerg anzeféieren ;Keng nei Datebank mat de Bankdonnéeë vun de Residenten opzebaue fir hir Kreditter transversal z’erfaassen ;Sech nach eng Kéier kloer zum Bankgeheimnis fir Residenten ze bekennen.2024/04/25 Motioun Piraten Budgetsrapport Schufa Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.