Zu Lëtzebuerg zougeloossen SchnelltesterPublished by Sven Clement onD’Schnelltester, déi zu Lëtzebuerg zougelooss sinn, si vum LNS iwwerpréift ginn.

An Däitschland ginn se vum Bundesinstitut für Arzneimittel und Medezinprodukte (DfArM) iwwerpréift. Wann een sech d’Lëschte vun deenen zwee Instituter ukuckt, da gesäit een Ënnerscheeder, z. B. gëtt et ee Schnelltest vun enger Pekinger Firma, deen zu Lëtzebuerg zougelooss ass, an Däitschland awer net. Dësen “Nasenbohrer”-Schnelltest ass an Däitschland just fir medezinescht Personal zougelooss, well e laut DfArM net als “Laientest” gëeegent wär.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Beréit d’Santé sech mat hiren Däitschen Homologen, wat d’Analysen an d’Effikassitéit vun de Schnelltest ugeet?Ass d’Santé iwwert d’Grënn informéiert, firwat dësen Test an Däitschland net als “Laientest” zougelooss ass?Firwat gouf den “Nasenbohrer” Test zu Lëtzebuerg fir de Public zougelooss?  Firwat gouf den Test vun der selweschter Firma, gennant “NASOCHECKcomfort”, deen an Däitschland fir jiddereen erlaabt ass, zu Lëtzebuerg nach net erlaabt?Wéi vill Schnelltester vun dësem Typ “Nasenbohrer” goufe vum Staat kaaft? Wou goufen dës Tester bis elo agesat (opgelëscht no Unzuel)?QP Nummer 416020210426 QP CLEMENT Zu Lëtzebuerg zougeloossen Schnelltester.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.