Sexuell Diskriméierung vun der KierchPublished by Marc Goergen onNach ëmmer gi Mënsche weltwäit wéinst hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert.

An och wann de Code pénal esou eng Diskriminatioun ënner Strof stellt, gëtt et awer ëmmer nees Ausnamen. Eng konkret Ausnam schénge verschidde Glawensgemeinschaften ze sinn.  Opgrond vun der Reliounsfräiheet ginn nach ëmmer Persoune vu Glawensgemeinschaften an deenen unhängenden Institutiounen diskriminéiert, ouni dass dëst juristesch Konsequenzen hätt.Ee rezent Beispill fënnt sech a Bayern, wou eng Persoun wéinst enger Foto mat engem bekannten homosexuelle Mann, déi op Social Media gedeelt gouf, aus der Paschtouesch-Schoul ausgeschloss gouf. Zu Lëtzebuerg huet den Centre Jean XXIII – Grand Séminaire, deen Ausbildungen zum Paschtouer ubidd, tëscht 2018 an 2021 615’000€ Ennstëtzung vum Staat kritt.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Geif esou ee Fall wéi a Bayern vun der Regierung toleréiert ginn? Hätt dëst een Afloss op d’Conventioun mam Centre Jean XXIII ?Wéi schützt d’Regierung virun allem eis jonk Biergerinnen a Bierger virun den deels LGBTIQ*-feindleche Messagë vu verschiddene Glawensgemeinschaften ?QP Nummer 417320210428 QP GOERGEN Sexuell Diskriméierung vun der Kierch.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.