Goufen déi zousätzlech Dokteren, bei denen deemols ee Mangel festgestallt gi war, antëscht agestallt? Wat ass bis elo beim Ausbau vu sonstegem medezinesche Personal geschitt? Respektiv wat ass den aktuelle Stand an wat ass nach an der Ëmsetzung oder an der Planung?Wat ass bis elo am Ausbau vun der Unzuel vun de Better geschitt respektiv wat ass Stand aktuell nach an der Ëmsetzung oder an der Planung?Ka mëttlerweil och eng Bestralung hei zu Lëtzebuerg ugebuede ginn oder mussen sech d’Kanner a d’Jugendlecher an hir Elteren dofir nach ëmmer an d’Ausland deplacéieren?An der Sëtzung huet d’Ministesch gesot, dass extern Auditte mat dem Institut Gustave Roussy vu Paräis an dem Institut Jules Bordet vu Bréissel ugefrot gi sinn.

Goufen dës zwee Auditte scho gemaach?  • Wa jo, wat ass d’Resultat vun dësen Auditten?  • Wa nee, wéini sollen dës gemaach ginn?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.