Am Background vum 20ten Januar 2024 huet eng Assistane sociale erkläert, dass d’Sessiounen beim Psychotherapeut net kënnen iwwert den Tiers payant social bezuelt ginn.

An der Äntwert op d’Fro 7746 uet den Sozialversécherungsminister erkläert:“Op de Joren 2018 bis 2022 hunn pro Joer ongeféier 0,6% vun allen Krankeversécherten op den TPS zeréckgegraff. D’Majoritéit vun de Leeschtungen déi iwwert den TPS bezuelt gi sinn, betrëfft Behandlunge vu Generalisten a Spezialisten.”An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Stëmmt et, dass ee Patient bei de Sessioune beim Psychotherapeut, déi elo vun der CNS rembourséiert ginn, net ka vum Tiers payant social Gebrauch maachen?Falls jo, firwat ass dat esou a plangt d’Ministesch hei séier z’intervenéieren, fir  nozebesseren?Falls nee, mengt d’Ministesch net, dass et wichteg wier, hei eng Circulaire un déi betraffe Psychotherapeuten ze schécken, fir si iwwert den Tiers payant social opzeklären?QP Nummer 21820240122 QP CLEMENT Tiers payant social bei de Psychotherapeuten.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.