Am Virfeld vun de Chamberwalen 2018 hat de Premier de franséische President Macron, den deemolege belsche Premier Michel an den hollännesche Premier Rutte op Lëtzebuerg invitéiert.

Mam franséische President gouf de 6ten September 2018, dann och een Evenement an der Philharmonie organiséiert. De franséische President grad ewéi de Premier gehéieren der Fraktioun vun de liberale Parteien an der EU un.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Plangt de Premier, och dëst Joer erëm een Evenement mam franséische President ze organiséieren?• Wa jo, wéini soll dëst stattfannen a wat soll de Sujet vun dësem Evenement sinn?Kann de Premier garantéieren, dass Evenementer mat auslännesche Staatsvertrieder net fir Walkampfzwecker genotzt wäerte ginn?QP Nummer 784620230331 QP GOERGEN Evenementer mat auslännesche Staatsvertrieder wärend dem Walkampf.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.