Kaméidi beanträchtegt d’Liewensqualitéit a kann op Dauer krank maachen, wat vill Etüden aus de leschten Jorzéngten beleeën.Am Code la Route ass an den Artikelen 25 a 25bis virgeschriwwen, dass fir all Stroossegefierer, jee no Kategorie, eng Limitt gëllt fir d’Dezibel, déi se dierfe produzéieren.

Europawäit gëllen duerch d’EU-Reglement n°540/2014 ähnlech Reegelen, soudass u sech kee Gefier, dat zu Lëtzebuerg zirkuléiert, ze vill Kaméidi dierf maachen.Et kënnt awer alt vir, dass verschidde Stroossegefierer, ob Autoen, Motoen, Busser oder Camionen, opfälleg haart ënnerwee sinn an immens vill Kaméidi maachen, wat fir d’Awunner zimmlech lästeg ka sinn, grad wa se nieft den Haaptachsen wunnen. Am nationalen Aktiounsplang géint de Kaméidi si keng weider Moossnamen virgesinn, déi d’Gefierer selwer betreffen, mee am Plang konzentréiert een sech éischter op d’Stroosseninfrastrukturen. Et sinn awer virun allem déi Gefierer, déi opfälleg haart an den Dierfer ënnerwee sinn, déi zur Lärmbelästegung bäidroen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi gëtt de Kaméidi, deen déi verschidde Stroossegefierer hei am Land a virun allem innerorts produzéieren, gemooss?Wéi oft gouf an de leschten zwee Joren géint d’Artikelen 25, 25bis an 160 vum Code de la Route verstouss?Wéi eng technesch Equippementer benotzt d’Police, fir de Kaméidi vu Stroossegefierer ze kontrolléieren, a wéi oft gi Kontrollen vum Kaméidi am Joer vun der Police duerchgefouert?Et kënnt vir, dass Persounen, nodeems hiert Gefier de Controle Technique mat Bravour bestanen huet, Ännerungen um Gefier duerchféieren, soudass d’Gefier méi Kaméidi mécht wéi zougelooss ass, zum Beispill, andeems d’Drossel erofgeholl gëtt. Dës Ännerunge ginn da kuerz virum nächste Contrôle technique erëm réckgängeg gemaach, fir wärend der Kontroll konform ze sinn.Wéi eng weider Kontrolle ginn, ausserhalb vum Contrôle technique vum Gefier, hei am Land duerchgefouert, fir Verstéiss géint Kaméidisbegrenzungen festzestellen? Falls keng Kontrollen heizou gemaach ginn, wourunner läit dat?QP Nummer 3920231128 QP GOERGEN Kaméidi duerch verschidden Autoen.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.