Här President,Sou wéi den Artikel 81 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës  dringend parlamentaresch Fro un de Minister fir Sport weiderzeleeden.De Sportsecteur ka vu staatleche finanziellen Hëllefe profitéieren.

Eng Rei Federatiounen an Organisme bedaueren zurzäit awer, dass déi staatlech Gelder, mat deene geplangt gouf, Verspéidung hunn. Weder d’Sue vum 2. Decompte vun 2023 sollen iwwerwise gi sinn, nach d’Avance säit Januar 2024. Obwuel viraus ze gesi war, dass iwwert en Douzième provisoires Budget gefuer géif ginn, steet de Sportsecteur, wou Paie bezuelt a lafend Käschte gedeckt musse ginn, aktuell dowéinst ënnert engem onerwaarte finanziellen Drock.An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:Firwat koum et zu de Verzögerunge beim Ausbezuele vun den Aiden a wat gëtt gemaach, fir de Problem esou séier wéi méiglech ze behiewen?Bis wéini kann de Secteur mam Ausbezuele vun de Sue vum 2. Decompte vun 2023 rechnen?Bis wéini kann de Secteur mam Ausbezuele vun de Sue vun den Avancë fir 2024 rechnen?Mat déiwem Respekt,CLEMENT SvenDéputé

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.