Published by Piraten onAus enger Etüd vun 2020 vum Robert Koch Institut geet ervir, dass 15,5 % vun de Befroten ënnert chroneschem Réckewéi leiden.
Och zu Lëtzebuerg si vill Persoune vu Réckeproblemer betraff a mussen dofir e Spezialist opsichen. Aktuell soll et hei awer zu laange Waardezäite kommen. Esou soll et z. B. zu Fäll komm sinn, wou Patienten och no enger IRM-Analys, déi kloer e gesondheetleche Problem bestätege konnt, dee souguer e chirurgeschen Agrëff kéint néideg maachen, nach iwwer 7 Méint musse waarden, fir e Rendez-vous bei engem entspriechende Spezialist ze kréien.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi laang musse Patienten aktuell an der Moyenne waarden, bis si e Rendezvous bei engem Orthoped/Réckespezialist kréie kënnen?Wéi eng Waardezäit wär der Regierung hirer Aschätzung no hei medezinesch vertrietbar?Wat gëtt gemaach, fir d’Waardezäite bei orthopedeschen Ënnersichungen ze verkierzen?QP Nummer 523320211116 QP CLEMENT Waardezäiten bei Orthopeden.pdfHerunterladen