Mam “Lëtzebuerger am Ausland” (kuerz LamA)-Programm, kënne Residente Bescheed soen, ier se eng Auslandsrees maachen oder ier se an d’Ausland plënneren.

Am Fall, wou Schwieregkeeten op der Plaz géifen optrieden (zum Beispill Konflitker oder Naturkatastrophen), soll de Lëtzebuerger Staat esou méi séier wëssen, wou d’Residenten dru sinn, an hinnen iwwert d’Netzwierk aus Ambassaden a Konsulater besser hëllefe kënnen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill Leit sinn am Moment op der Lëscht vum Ausseministère agedroen? Wat sinn hei déi heefegste 3 Länner, déi d’Leit uginn hunn?Wéi hunn dës Zuelen an de leschte 5 Joer (opgelëscht no Mount) evoluéiert? Wat waren, iwwert déi lescht 5 Joer gekukt, déi heefegste Länner, déi d’Leit uginn hunn?Ass de Ministère der Meenung, dass de LamA bekannt genuch ass zu Lëtzebuerg? Oder mussen hei nach Efforte gemaach ginn, fir dass méi Leit dësen notzen – virun allem wann se an d’Net-EU-Ausland reesen?QP Nummer 320231025 QP CLEMENT LamA.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.