Verspéide Weiderreeche vu Rechnungen un d’CNSPublished by Sven Clement onNo enger Visitt beim Dokter ass et fir vill Mënschen ee Reflex, hier bezuelte Rechnung direkt weider un d’CNS ze schécken.

D’Consultatioun bei engem Spezialist ka scho mol e puer Honnert Euro kaschten, a vill Leit sinn drop ugewisen, dës Sue schnellstméiglech erëm vun der CNS rembourséiert ze kréien. Elo kann et awer virkommen, dass een net drun denkt, seng Doktersrechnung un d’CNS fir ee Rembrousement weider ze ginn, an dës dann anzwousch an engem Tirang verschwent. Dëst ka virun allem bei Persoune mat Demenz oder anere Krankheeten oder Aschränkungen, déi d’Erfëlle vun alldeeglechen Aufgaben erschwéieren, e Problem sinn. Laut Artikel 84 vum Code de la Sécurité Sociale huet een Assuré maximal 2 Joer Zäit fir d’Rechnung weider ze ginn. Duerno gëtt d’Rechnung net méi rembourséiert, och wann den Assuré virdrum Delai d’Recht op ee Remboursement hat.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill Rechnunge sinn an deene leschte 5 Joer bei der CNS agaangen déi wéinst engem Iwwerschreide vum Delai ofgeleent goufen?Ass de Minister net der Meenung, dass den Artikel 84 sollt eng Ausnam vun dësem Delai virgesinn, am Fall wou een Assuré ënnert enger psychescher oder physescher Krankheet leit, wéi zum Beispill Altersheimer, Depressiounen oder schwéiere Mobilitéitsaschränkungen an ee Certificat medical fir dës Krankheet ka virleeën?Wéi steet de Minister zu dësem Delai vun 2 Joer? Ass de Minister der Meenung, dass dësen Delai laang genuch ass?QP Nummer 500420210923 QP CLEMENT Verspéide Weiderreeche vu Rechnungen un d’CNS.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.