Am Koalitiounsaccord gëtt d’Penurie vun abordabelem Wunnraum als eng vun de prinzipielle Erausfuerderungen vu Lëtzebuerg duergestallt.

An dësem Kontext hu laut Regierung och d’Gemengen eng wichteg Roll a sollen zu méi abordabelem Wunnraum bäidroen. Et verwonnert also net, dass a ville budgetäre Propose vun de Schäfferéit an eisem Land Acquisitioune vun Terrainen, Projeten oder och konkret Bauinitiativen budgetéiert gi fir d’Joer 2024.Et ginn awer, wéi a ville Beräicher, och hei immens ënnerschiddlech Ausgankssituatiounen, jee no Gemeng. Et ass zum Beispill gewosst, dass d’Gemengen Stand 2021 534 Hektar Bauland zur zur Verfügung haten (Note 29 Observatoire de l’Habitat), mee et ass net gewosst, wéi vill Wunnengen a Gemengenhand sinn oder Terrainen, wou eng Emphyteose um Terrain drop ass.Fir kënnen an aller Transparenz den Impakt vun der Wunnengspolitik méi genau kënnen ze bewäerten, brauch et och offiziell Zuelen iwwert den aktuelle Bestand a Gemengenhand.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Kënnen d’Ministeren eis matdeelen, wéi héich den aktuelle Stock u Wunnengen ass, déi am Besëtz vun den eenzele Gemengen ass?Wei vill Wunnenge goufen an de leschten zwee Jore vun de Gemenge gebaut an duerch de Staat subventionéiert ënnert dem Regime vun den Aides à la pierre (loi modifiée du 25 février 1979 concernant l’aide au logement)?Kann d’Regierung eis matdeele wéi vill Wunnengen pro Gemeng aktuell ënnert déi folgend Kategorië falen an net vun der SNHBM oder dem Fonds du Logement geréiert ginn?• Logements en gestion locative socialeQP Nummer 9820231213 QP GOERGEN Schlëssel Sozialwunnengen.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.