D’VBZ, Verkehrsbetriebe Zürich, teste fir hiren Tramsreseau de Moment eng Art Airbag.

Dëse gëtt fir bei der Fuererkabin vun engem Tram installéiert. Ausgeléist gëtt den Airbag duerch ee Sensor. An engem Video kann ee gesinn, wéi den Airbag sech opbléist kuerz ier et zur Kollisioun mat engem Dummy, deen e Foussgänger duerstelle soll, kënnt. Zil vum Projet ass, fir domat fir méi Sécherheet am Verkéier ze suergen, d’Folgen vun enger Kollisioun duerch den Airbag ofzeschwächen a schwéier Accidenter mat Foussgänger oder Vëlosfuerer ze verhënneren. Duerch den Airbag soll zum Beispill verhënnert ginn, dass eng Persoun ënnert den Tram soll geroden. De Projet vun der VBZ, deen hei mam Tram-Hiersteller Alstom zesummeschafft, befënnt sech de Moment nach an enger Testphase, déi bis dëse Summer soll ofgeschloss ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:Ginn et aktuell Pläng, fir och am Lëtzebuerger Tramsreseau esou Airbaggen op den Trammen installéieren ze loossen? Wa jo, ass den Staat mat den züricher Kolleegen an Kontakt? Wa nee, firwat net?QP Nummer 66620240429 QP GOERGEN Airbag fir Trammen.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.