Am Oktober 2023 huet erëm de järleche Luxembourg Tennis Masters Tournoi stattfonnt.

D’Event ass ee vu villen, dat am Kader vum Nation Branding ënnerstëtzt gëtt. Aner Beispiller sinn den Tour de Luxembourg oder och d’Expogast. Wéi Reporter.lu 2019 festgehalen huet, stellen sech Froen zur Verdeelung vun dem Budget fir d’„Promotion de l’image du Luxembourg“. Am Ufank sollt dëse Budgetsposten eleng dem Ausseministère ënnerstoen. Bei der LTM huet awer och de Finanzministère 200’000€ bis 300’000€ aus dem Budgetsposten “manifestations culturelles ou sportives à portée internationale” u Gelder ginn.Wann een Budgetsposen vum Finanzministère kukt gesäit een, dass et grouss Ënnnerscheeder tëscht der Zäit ënnert dem Minister Gramegna an duerno ginn. De Budgetsposten fir kulturell Manifestatiounen ass 2018 entstaanen. War am Budget 2018 vum Finanzministère fir Manifestatiounen nach ee Budget vun 1.500.000€ virgesinn, gesäit een am de Budget vun 2020 fir d’Period 2020-2023 all Joers eng Millioun € fir. Am November 2021 ass den Pierre Gramegna aus der Regierung ausgetratt. D’Ministerin Yuriko Backes schengt den Posten gekierzt ze hunn, well am Budget 2023 steet, dass 2022 eng halew amplaz eng ganz Millioun genotzt ginn ass, an de Budgetsposten ass am Joer 2023 ofgeschaft ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi eng Ministèren hunn am Moment Budgetsposten déi der “Promotion de l’image du Luxembourg” sollen ze gutt kommen?Wéi héich waren d’Ausgabe vun de jeeweilege Posten an de leschte 5 Joer (no Joer opgezielt)?Wéi héisch waren d’Budgetsposte fir déi Joren initial ugesat?Firwat goufen dës Budgetsposte jeeweils iwwer- respektiv ënnerschratt?Wéi eng Projeten si mam Budget aus dem Finanzministère an der Period 2018-2022 ënnerstëtzt ginn?Wéi eng Projeten si mam Budget aus dem Ausseministère an der Period 2018-2023 ënnerstëtzt ginn?Wäerten d’Budgetsposten “Promotion de l’image du Luxembourg” an Zukunft erëm just ënnert engem Ministère gebündelt ginn?QP Nummer 2320231115 QP CLEMENT Nation Branding – Vu wiem an u wien?.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.