Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten am Irak- d’Pirate soen Nee!Published by Piraten onDen 20ten September huet de Verdeedegungsminister an enger gemeinsamer Kommissiounssëtzung den Deputéierten seng Pläng fir den Asaz vu Lëtzebuerger Truppen am Irak virgestallt.Am Kader vun der NMI (NATO) Missioun am Irak, solle Membere vun der Lëtzebuerger Arméi iwwert 25 Méint laang stationéiert sinn.

1 bis 5 Lëtzebuerger Zaldote sollen sech gläichzäiteg am Land ophalen.Vu Säite vum Ministère heescht et: « Le but est de renforcer les institutions et les forces de sécurité de l’Irak afin qu’elles puissent empêcher le retour de l’EIIL (État islamique en Irak et au Levant), combattre le terrorisme et stabiliser le pays. » De Ministère seet awer och, dass d’Situatioun am Irak  onstabil wier.Den 8te Juli huet de Regierungsrot scho säin Accord ginn. Et ass also unzehuelen, dass d’Lëtzebuerger Arméi deemnächst wäert Zaldoten an den Irak schécken.D’Piraten hunn an der Kommissioun géint dësen Asaz gestëmmt. D’Situatioun am Irak ass onstabil an eis Leit um Terrain si permanent  der Gefor vun terroristeschen Uschläg ausgesat.Nodeems d’Missioun vun de westlechen Truppen am Afghanistan am August opgebrach gouf an d’Taliban d’Muecht iwwer Land a Leit iwwerholl hunn, sollt de Westen sech selwer, an d’Aart a Weiswéi Militärmissiounen duerchgefouert ginn, a Fro stellen.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.