Finanziell Hëllefe fir d’Lëtzebuerger LiteraturPublished by Sven Clement onIwwert guichet.lu kënnen Auteuren an Illustrateuren déi ee Buch publizéiert hunn, eng Prime à la publication d’une création littéraire ufroen.  Am Rapport d’activité vum Fonds culturel national fir d’Joer 2020 kann een d’Aiden an d’Subventiounen noliesen déi dat Joer, ënnert anerem, u Projeten aus de Beräicher Musek, Theater a Literatur gaange sinn.

Am Beräich Literatur goufen 2020 34 Projete mat ronn 103’000€ ënnerstëtzt. 2019 ware 36 Projete mat ronn 92’000€ ënnerstëtzt ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wat war den héchste Montant un Aiden a Subventiounen deen 2020 un ee Projet am Beräich Literatur gaangen ass? Wat war den niddregsten?Op Basis vu wéi enge Krittäre gëtt entscheet, wéi héich d’Subventioune fir déi eenzel Projete sinn?Kann d’Ministesch Zuele gi wéi héisch d’Oplage vun den eenzele literaresche Wierker waren, déi 2020 ënnerstëtzt goufen?Vun der Prime à la publication d’une création littéraire kënnen Auteuren déi eng Iwwersetzung oder een historescht Wierk publizéiert hunn, net profitéieren. Kënnen dës Auteure vun aneren staatlechen Hëllefe profitéieren?QP Nummer 481920210810 QP CLEMENT Finanziell Hëllefe fir d’Lëtzebuerger Literatur.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.