De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat hinnen iwwert d’Zukunft ma TICE ze schwätzen.Am Juli war d’Gewerkschaft no Gespréicher mam grénge Mobilitéitsminister François Bausch veronséchert.

Si hunn d’Zukunft vum TICE bedreet gesinn duerch ee Minister deen sech och an der Chamber net kloer zu der Verantwortung vum Staat beim TICE bekannt huet. Eis Motioun vun deemools gouf ofgeleent.Fir eis Piraten ass kloer:de Staat muss seng Investissementer am TICE héich halen, d’Gemenge kréien ëmmer méi Verantwortung awer net de néidege Budget. D’Gemenge kënnen d’Käschten net eleng stemmen ;Déi nächst Konventioun fir den TICE muss séier kommen, fir de Finanzement fir 2025 ofzesécheren ;de Statut vum Fonctionnaire beim TICE muss erhale bléiwen an d’Leit déi de Staatsexame beim TICE packe mussen an dës Karriär gehuewe ginn esou wéi et an hire Verträg virgesinn ass.D’Pirate stinn hannert dem TICE ! Mir brauchen ee staarken ëffentlechen Transport ënnert gudden Aarbechtskonditiounen am Süden an den TICE ass de Garant dofir.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.