Fro Nummer 204An der digitaler Welt vun haut ass et méiglech, seng Studien online ze maachen.

Dat gëllt fir d’Uni, mee dat gëllt zënter e puer Joren och fir d’Sekundarstudien, wou et de Schüler hei am Land méiglech ass, fir hire Premièresdiplom vu 4ème uns à distance ze realiséieren.Mir ass zougedroen ginn, dass Schüle ab 18 Joer, déi an engem e-Bac an enger Schoul hei am Land ageschriwwe sinn, kee Kannergeld méi kréien, am Géigesaz zu Schüler, déi hiren Ofschloss am Präsenzënneriicht maachen. Ee Schüler iwwer 18, deen also vun doheem léiert, kritt kee Kannergeld, wärend säin Alterskolleeg am Präsensënneriicht (respektiv seng Famill) vum Kannergeld profitéiert. An dëst, trotz dass de Contenu vun de Coursen identiesch ass a béid Weeër zum Premièresdiplom féieren (de Premièresexamne gëtt souguer dee selwechten Dag zesume geschriwwen).Effektiv ass et esou, dass am Gesetz vun 2008 betreffend dem Kannergeld den e-Bac ausgeholl gëtt, well kloer dra steet, dass een an enger Schoul am Präsenzënneriicht muss ageschriwwe sinn. Mee fir d’Familljen, deenen hir Kanner vun doheem aus léieren falen weiderhin Käschten un, an eventuell esouguer méi wéi am Präsenzënneriicht, well doheem méi gekacht a méi gehëtzt muss ginn.Dofir stellt sech d’Fro, wéi een dës Kanner an d’Familljen, déi an hir Bildung an domadder an hir Zukunft investéieren, finanziell entlaaschte kann, soulaang d’Kanner bei den Elteren wunnen an dësen Ënnerhalt och Sue kascht.An deem Zesummenhang hu mer der Regierung dës Froen gestallt:Wéi vill Schüler waren tëscht 2018 an 2023 (opgelëscht pro Joer) an engem e-Bac zu Lëtzebuerg ageschriwwen?Huet de Bildungsminister Donnéeën, wéi vill Schüler am Joer 2023 an eisen Nopeschlänner/ an der Groussregioun an engem e-Bac ageschriwwe waren?Huet de Bildungsminister Donnéeën, wéi vill Schüler am Joer 2023 aus eisen Nopeschlänner/ aus der Groussregioun an engem e-Bac an enger Schoul hei am Land ageschriwwe waren?Plangt dës Regierung Adaptatiounen, fir datt Familljen, deenen hir Kanner een e-Bac maachen, een Accès opd’Kannergeld kréien oder op eng aner Aart a Weis eng finanziell Hëllef kréien (zum Beispill iwwert eng Zort CEDIES oder aner Sozialhëllef)?

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.