D’Bauentreprisen am Land stinn no der Covid-Kris, der Energiekris an den elo falende Präisser a Verkafszuelen um Wunnengsmaart viru groussen Erausfuerderungen.

Retarde bei der Liwwerung vu Matières Premièren a bei der Fäerdegstellung vu Projete sinn net seelen. Och Faillitten a Verzögerunge bei der Bezuelung komme vir. Rezent war beispillsweis de Wunnprojet an der Cité Ouschterbuer zu Uewerkuer an de Medien thematiséiert ginn, well de Promoteur d’Bauentreprisen zäitweileg net bezuele konnt an d’Chantieren dofir net méi weider goungen. Fir d’Clienten, kënnen esou Problemer mat héije Käschte verbonne sinn, wann si d’Zäit bis zur Fäerdegstellung vun hire Projeten iwwerbrécke mussen. Ëmmer nees kënnt et vir, dass Clientë Bauentreprisen an/oder Promoteure souguer virun d’Gericht huelen, well si keng aner Léisung méi gesinn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Huet d’Regierung Zuelen doriwwer, wéi oft et virkënnt, dass Privatleit géint Promoteuren/Maître d’ouvragen kloen?Falls jo: Wéi hunn dës Zuelen an de leschten 10 Joer evoluéiert:– Wéi oft hunn d’Clientë géint de Promoteur/Maître d’ouvrage pro Joer gewonnen?Wéi gesinn der Regierung hier Pläng aus, fir de Bausecteur an d’Clienten duerch déi aktuell schwéier Zäiten ze begleeden?Fro n°1Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.luQP Nummer 120231026 QP CLEMENT GOERGEN FRO.LU: Baubranche: Clienten zéie géint Promoteure viru Gericht.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.