Den LISER (Luxembourg Institute for Socio-Economic Research) ass virun enger Réi Jore vum Ministère de la Famille mat verschiddenen Etuden am Beräich Handicap bei 14 Gestionnairen am Beräich Accompagnement socio-pédaogoique (Ateliers protégées,…) beoptraagt ginn.Déi éischt Etude huet d’Gesetzgebung an d’Konventiounen analyséiert.

Déi zweet Etude waren Interviewe mat den Direktioune vun deene Gestionnairen; bei der drëtter Etude, sinn iwwer 100 Residenten aus deene 14 Institutiounen iwwert hir Zefriddenheet mat de Servicer, déi si kréien, befrot ginn. Weider huet de LISER bei enger klenger Grupp vu Residentë gekuckt, wat fir eng Leeschtunge si iwwert den Zäitraum vun enger „typescher“ Woch kréien.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Sinn dës Etüden ofgeschloss ginn? Wa jo, wat ass domat geschitt?Gedenkt de Ministère dës Etüden ëffentlech ze maachen an se am Parlament virzestellen?Wat fir eng Schlussfollgerungen zitt de Ministère aus dësen Etüden?Wat bedeit dës Etüd fir déi concernéiert Residenten an hier Familljen?Huet dës Etüd een Impakt op de’Aarbecht vun de Gestionnairë vun deene Strukturen?QP Nummer 23020240125 QP POLIDORI Etüde vum LISER am Beräich Handicap.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.