Financement des grands projets d’infrastructure réalisés par l’ÉtatD’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:Den Trafic op der Péitenger Collectrice (Avenue de l’Europe; N31) hëlt zënter Joren zou a belaascht d’Liewensqualitéit vu ville Mënschen an de Kordallgemengen am Süde vum Land;De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3847 erkläert, dass d’Ënnertunnelung vum Streckenofschnëtt beim Lycée Mathias Adam eng Piste ass, déi schonn 2014 an engem Dossier de Synthèse ausgeschafft gouf;A senger Äntwert op d’Fro n°7082 huet de Minister geschriwwen, dass eng Ënnerféierung vu besotenem Streckenofschnëtt de Verkéier duerch d‘Avenue de l‘Europe zu gewëssen Auerzäiten definitiv méi fléissend géif maachen, ënnert der Bedingung, dass d’Rond-Pointen hannendrun (Richtung Grenz) vergréissert ginn.Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:d’Entscheedung ze fällen, fir een Tunnel ënnert dem Rond-point beim LMA ze bauen a weider baulech Moossnamen op der N31 souwéi verkéierstechnesch Moossnamen op der N5 ze huelen, fir d’Traficsituation ze verbesseren.2022/12/08 Motioun Piraten Bau vun engem Tunnel op der Collectrice (N31)Herunterladen
This article is shown in the language in which it was written. You can change this here.
Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.
Check out our disclaimer.