De Ben Polidori, Spëtzekandidat vun de Piraten am Norden an den Daniel Frères, Spëtzekandidat am Osten, hu sech an engem Artikel am Lëtzebuerger Land mat der Vernoléissegung vum ländleche Raum beschäftegt.

Liest hei hire Bäitrag:De ländleche Raum brauch Aarbechtsplazen, Commercen, Servicer, eng gutt Gesondheetsversuergung an en accessibelen ëffentlechen Transport. Wärend d’Haaptstad an déi grouss Stied aus dem Süde verkéierstechnesch ëmmer méi un hier Limitte kommen an duerch erdréckend héich Immobiliëpräisser opfalen, zitt et ëmmer méi Léit op d’Land. Dat dierf d’Infrastrukturpolitik net vergiessen.Leider feelt et, wann et em de ländleche Raum am Osten an Norde vu Lëtzebuerg geet, oft net nëmmen un ëffentlechen Investissementer, mee och un Opmierksamkeet, Interessi a Verständnis vu Säite vun der Politik. Dat gesäit ee virun allem, wann et ëm gemeinsam Projeten tëscht de Gemengen um Land an dem Staat geet. Kuckt een z. B. de rezente Fall vun den Hëllefen nom d’Héichwaasser, muss ee feststellen, dass d’Opmierksamkeet an d’Matgefill direkt no den Iwwerschwemmungen zwar grouss war, mee dunn awer och ganz séier erëm verschwonnen ass. D’Gemenge sinn op ville vun de Käschte sëtze bliwwen an och vill privat Leit oder Besëtzer vu Campinge fillen sech am Stach gelooss.Mee d’Problemer sinn net just finanzieller Natur. De Manktem u Verständnis fir d’ländlech Regioune gesäit een och, wann et em Expertisen a Planungen bei der Ëmsetzung vu gréissere Projete geet. E Beispill heivir ass den Trëntenger Dall. De Projet vum Landschaftsschutzgebitt vun 1700 Hektar gouf ouni Dialog mat de Leit, déi hei wunnen a schaffen, geplangt a léisst elo bei de Wënzer a Baueren Existenzängscht aus. Och mir Pirate setzen eis fir den Naturschutz an, mee esou Projete musse mat de betraffenen Awunner zesumme geplangt ginn an et brauch ganz kloer e Schutz virun Enteegnungen.Et geet ganz einfach em Respekt a Gerechtegkeet. An esou engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg kann et net sinn, dass et Regiounen zweeter Klass gëtt. Den Osten an den Norde brauche méi Investissementer, mee just souer, déi de Begebenheeten op der Plaz och gerecht ginn.Ee Wee, dem ländleche Raum ze hëllefen, kéint an eisen Aen sinn, lokal Aktivitéitszonen ze schafen, wou d’Betriber sech kënnen néierloossen. Net alles muss sech ronderëm d‘Stad ofspillen. D’Aféiere vu Gemeinschaftsbüroen  ass eng gutt Méiglechkeet, fir ze verhënneren, dass d’Leit bis an d’Ballungszentere pilgere mussen, fir eng Aarbecht ze maachen, déi ee mam Laptop vun iwwerall aus maache kéint. Natierlech geet et awer net duer, just d’Aarbechtsweeër am ländlecher Raum ze verkierzen. Och Servicer an Infrastrukture gi gebraucht. Vill Post- a Bankguicheten hunn z. B. an de leschte Joren um Land zougemaach. Fir hier Servicer trotzdeem nees zeréck an d‘Dierfer ze kréien, wëlle mir Piraten den Ausbau vu sougenannte mobillen Agencen, (déi änlech wéi Foodtrucks ronderëm fueren) fërderen. An natierlech muss an d’Gesondheetsversuergung investéiert ginn – besonnesch wann et em d’Kanner geet. Vun 75 Pediateren hei am Land sinn d’Hallschent um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg ugesidelt. Och wa Lëtzebuerg eis Haaptstad ass, zielt si “nëmmen” ronn 20% vun der Landesbevëlkerung. An de 5 Nordkantoner  wunnen zesumme 15% vun der Landesbevëlkerung, mee hei fënnt ee just 9 Kannerdokteren (an dovunner 7 am Raum Ettelbréck-Dikrech). Mir brauchen also dréngend eng Dezentraliséierung vun de medezinesche Servicer.Den Osten an den Norde vu Lëtzebuerg si méi wéi Wäin, Bëscher an Tourismus. Si sinn de Liewensraum vu ganz ville Mënschen hei am Land an dës Leit dierfen net vergiess ginn. Dofir stinn d’Pirate fir eng ambitiéis Infrastruktur-, Ëmwelt-, a Mobilitéitspolitik am ganze Land.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.