A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest.

Zil vum Screening ass et, verschidde Krankheeten esou fréi wéi méiglech festzestellen, fir wa méiglech direkt mat enger Behandlung ufänken ze kënnen. Hei zu Lëtzebuerg sinn et awer zënter dësem Joer just 6 Krankheeten, no deenen am Screening gesicht gëtt. Am Vergläich mat anere Länner sinn dat just ganz wéineg Krankheeten. An der Schwäiz gëtt op 10 Krankheete getest, an Däitschland sinn et 19 Krankheeten an an Éisträich souguer iwwer 30.An hierem Programm vun 2023 huet sech d’Regierung verflicht :“Le Gouvernement fera un inventaire des programmes nationaux de prévention respectivement des plans d’action et de dépistage actuellement en place. Ils feront l’objet d’un contrôle de qualité et d’une analyse d’efficience. Les différents programmes seront prolongés en fonction des résultats de cette analyse. Le cas échéant, ils seront adaptés à la nouvelle stratégie. Les capacités d’examen pour la prévention et le dépistage devront être adaptées aux besoins afin d’éviter des retards de traitement.”De Programm vum Dépistage néonatal ass an der Lëscht vun den opgezielte Programmer dann och ze fannen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Firwat gëtt hei zu Lëtzebuerg beim Dépistage néonatal just op 6 Krankheete getest, obwuel an anere Länner op däitlech méi Krankheete getest gëtt?Gouf d’Analyse iwwert den Dépistage néonatal, wéi en am Accord fir eng Rei vu verschidde Präventiounsprogrammer ugekënnegt gouf, schonn ofgeschloss?• Wa jo, wat waren d’Resultater vun der Analys?• Wa nee, wéini soll dës Analys ofgeschloss sinn?Ass geplangt an Zukunft d’Unzuel vun de Krankheeten, no deenen am Dépsitage gesicht gëtt, ze erhéijen?• Wa jo, no wéi enge Krankheete soll an Zukunft zousätzlech gesicht ginn?• Wa jo, bis wéini soll d’Zuel vun de geteste Krankheeten erhéicht ginn?• Wa nee, firwat gëtt d’Zuel vun de Krankheeten net erhéicht?QP Nummer 53520240328 QP CLEMENT Dépistage néonatal.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.