De Méindeg 15ten Januar huet d’Police ugefaangen an der Stad dat an der Seance vum 14ten Dezember an der Chamber diskutéierten Heescheverbuet ëmzesetzen an éischt Persounen ze protokolléieren.Sou wéi an der Chamber an der genannter Seance, sinn et och an de Medien, zum Beispill vun der Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL, Aussoen dozou ginn, dass entgéint vun den Erklärunge vum Här Minister an der Chamber keen Ënnerscheed dierf gemaach ginn tëscht aggressiven an net aggressiven Heescherten.

De Minister wor a sengen Aussoen an der Chamber kloer de 14ten Dezember: „A mir sinn eis jo all eens, datt hei keen déi einfach Mendicitéit viséiert”.Et stellen sech also effektiv vill Froe wat d’Virgoe vun der Police an d’Direktiven un d’Agenten um Terrain ugeet. Ouni weider Präzisiounen wäerten och muer, de 16te Januar, an dësem Kontext Onkloerheeten um Terrain weider bestoen.An deem Zesummenhang stelle mir dem Minister fir den Interieur dës urgent Froe:Sinn et säitens vum Här Minister schrëftlech an/oder mëndlech Direktive gi wat d’Ëmsetze vun dem Reglement säitens den Agenten ugeet?Falls jo, kann den Här Minister präziséiere wat dës schrëftlech an/oder mëndlech Direktive beinhalten?20240115-QP-GOERGEN-CLEMENT-Direktiven-zum-Heescheverbuet1Download

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.