Published by Marc Goergen onReporter.lu hat am Artikel Les ventes au noir des pharmacies (11.6.2021) dovunner beriicht, dass sech eng Rëtsch Apdikten hei am Land am grousse Stil dem Steierbedruch schëlleg gemaach hunn an dat ënnert anerem duerch Venten um Schwaarzmaart.

Dëst war duerch Kontrolle vun der Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA (AED) opgefall.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill Steierkontrolle vu privat Persounen,bei deene Beamten op den Terrain gaange sinn, goufen an deene leschte 5 Joer organiséiert (opgelëscht no Joer an no Büro)?Wéi vill Steierkontrolle bei Firmen, bei deene Beamten op den Terrain gaange sinn, goufen an deene leschte 5 Joer organiséiert (opgelëscht no Joer an no Büro)?An wéi ville Fäll gouf an deene leschte 5 Joer mat auslänneschen Administratiounen zesumme geschafft, fir Persounen oder Firmen aus dem Ausland ze kontrolléieren?QP Nummer 483120210811 QP GOERGEN Steierkontrollen.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.