Transparenzmangel bei der Restauratioun vun historesche BautenPublished by Sven Clement onFir de Patrimoine an déi materiell Kultur zu Lëtzebuerg z’erhalen, subventionéiert a finanzéiert de Kulturministère all Joers eng Unzuel u Projeten.

Verschidde Projeten, déi méi ëmfangräich sinn an deemno och méi Sue kaschten, mussen iwwert eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach ginn. Esou wëllen et déi europäesch Reegelen iwwert d’Marchés publics an och eis national Gesetzer.Wien allerdéngs am Staatsbudget oder an den Aktivitéitsberichter vum Kulturministère, dem Centre national de recherche archéologique oder dem Service des Sites et monuments (SSMN) no Informatiounen iwwert éischter méi kleng Projete sicht, dee fënnt hei net wierklech vill iwwert den Ëmgang mat de Steiergelder eraus.Beim SSMN ass zum Beispill ze liesen, dass ee fir 150 Projete ronn 7,6 Milliounen Euro ausginn huet. Méi detailléiert Chifferen an Informatiounen, zum Beispill wéi eng Persoun oder Firma op wéi engem Schantje wéi een Optrag krut, fënnt een an dësem Rapport net.Aus Transparenzgrënn wier et awer wichteg ze wëssen, wéi eng Projete mat wéi vill Steiergelder finanzéiert ginn an ob och kompetent Firmen dës Opträg kréien. Des Weidere kéint de Contribuabelen sech esou ee kloert Bild iwwert den Ëmgang mat Steiergelder am Beräich vum Patrimoine maachen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Bei wéi vill Projete vum SSMN goufen an de leschte fënnef Joer ëffentlech Ausschreiwunge gemaach, a bei wéi vill Projeten net?Wéi ass déi genee Prozedur bei Projeten, déi keng ëffentlech Ausschreiwung brauchen?Wéi eng Moossname sinn an der Prozedur fir Projeten ouni ëffentlech Ausschreiwunge virgesinn, fir eventuell oder potenziell Interessekonflikter oder Favoritismus ze verhënneren?Wéi ass séchergestallt, datt de staatleche Service, deen d’Projeten auswielt, net och deen nämmlechte Service ass, deen d’Suen un d’Optragsnehmer verdeelt?Wou kënne Betriber sech mellen, déi Interessi an de néidege Know-how hunn fir bei Projeten ouni ëffentlech Ausschreiwung matzemaachen?Wien waren an deene leschte Joren déi fënnef gréissten Optragsnehmer vu Projeten ouni ëffentlech Ausschreiwung? Wéi vill Opträg hunn déi fënnef gréissten Optragsnehmer krut a wéi vill Euro sinn un déi eenzel Firmen ausbezuelt ginn?QP Nummer 499920210923 QP CLEMENT Transparenzmangel bei der Restauratioun vun historesche Bauten.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.