M.

Marc Goergen (Piraten) | Här President, fir d’Fi- nanze kann ee vill verschidden Iddien a Virstellungen hunn, mee eppes vereent se: D’Geld muss do sinn, fir et kënnen auszeginn! An et ass net eist Geld, mee et ass d’Geld, wat d’Steierzueler erwirtschaft hunn.D’Madamm Backes huet gëschter gesot, och dëse PSC a PNR stéingen erëm am Kader vu ville Poly- krisen. Dat ass richteg. Knapps waren déi schwéier Ëmstänn vu Covid iwwerstanen, koum d’Invasioun op d’Ukrain dunn.Mir Piraten gesinn d’Zuelen aus dem PSC awer trotz- deem e bësse méi kritesch wéi d’Ministesch. Mee och mir gesinn d’Gefor vun dem Inflatiounsschock, wann d’Deckele vun den Energiepräisser bis géifen ewech- falen, an dat kéint no de Wale jo schnell de Fall sinn. Virun allem awer sinn d’Previsioune fir de PIB fir 2024 fir eis ze positiv. 3,8 % Wuesstum vum PIB, dat hale mir net fir realistesch, virun allem, wann den FMI nëmme vun 2,5 % ausgeet. Och d’Budgetsgesetz fir 2023, dat eréischt en halleft Joer al ass, also net al ass, huet d’Prozenter änlech niddreg ugesat.D’Madamm Ministesch huet och gëschter gesot, dass d’FMI-Prognosen eng Warnung wieren, mee näischt direkt mat Lëtzebuerg ze dinn hätten. Do si mir ane- rer Meenung. Den FMI gëtt Previsiounen eraus fir eist Land an déi sollt een net ignoréieren, just well aner Instituter vläicht Zuele liwweren, déi engem méi agreabel sinn. De Statec huet a senger Nott vum Mäerz nach 3,2 % Wuesstum virausgesot, an inner- halb vun engem Mount sprange mer dann ëm méi wéi een hallwe Prozent an d’Luucht?Falls d’Regierung also keng Erklärung huet, déi d’Enn vun der Invasioun géif virgesinn, da si mir Piraten der Meenung, dass déi diskutéiert Grenz vun 30 % vun der Staatsverscholdung wäert deemnächstiwwerschratt ginn, dëst duerch eng falsch Virstellung bei der Croissance vum PIB an déi steigend Zënssätz, vun deenen och eis Staatsschold nun emol betraff ass, awer net just de Staat, mee och vill Privatleit, déi elo bezuele mussen, awer eréischt op der nächster Steiererklärung hire Kreditt verrechent kréien.War Lëtzebuerg och eng Kéier den Zweetbeschten an der EU, wat eisen ze bezuelenden Zënssaz bei de Staatsscholden ugeet, sou wäert de Lëtzebuerger Staat elo méi déif an d’Täsch gräife mussen. D’Geld, wat mir als Staat wäerte mussen opbréngen, fir nëm- me just d’Zënsen zréckzebezuelen, wäert sech an den nächste véier Joer vervéierfachen. Och dëst ass e Käschtepunkt, mat deem virun engem Joer nach kee gerechent hätt, deen awer elo do ass, deen d’Staats- schold ferm eropdréckt.500 Millioune bis Enn d’nächst Joer waren ugesat gi fir den Tripartitt-Accord 3.0. Kuerz nodeems den Accord gestëmmt war, huet d’Madamm Backes dës Zuel scho missen an engem 100,7-Interview no uewe verbesseren. Elo schwätze mer am PSC vu 760 Mil- liounen an do kommen d’Mesüre vun deenen Accorde virdru jo nach derbäi. Mir Piraten rechne mat 1,7 Milliarde fir all d’Mesüren, déi d’Regierung mat deenen dräi Accorde geholl huet. Dëst verbonne mat de PIB-Previsiounen, déi ze héich ugesat sinn, domat wäerte mer déi 30 %-Scholdemark duerchbriechen.Mir kënnen net novollzéien, wéi een am selwechten Dokument ka soen, dass d’Wirtschaft an der ganzer Eurozon soll ëm 1,8 % wuessen, mee zu Lëtzebuerg awer dervunner kann ausgoen, dass mer bal en duebel esou héije Prozentsaz wäerten erreechen. Mir hätten eis do eng méi virsiichteg Finanzpolitick ge- wënscht. Dat ass mat dësem PSC awer net de Fall. Mir kënnen nëmmen hoffen, dass d’Kristallkugel vun der Regierung Recht behält, well soss huet se der nächs- ter Regierung hei op jidde Fall e grousst Ee an d’Nascht geluecht an och eise Kanner an de Jonke vun haut.Här President, dann eriwwer zum PNR. Mir Piraten musse feststellen, dass de PNR an de leschten zwee Joer ferm u Substanz agebéisst huet. Waren am PNR 2021 nach Mesüren a puncto Energie, Logement an Digitalisatioun nozeliesen, mat klore Budgetsposten, esou ass dat an deene leschten zwee Joer ëmmer manner ginn. De PNR gëtt ëmmer méi zu enger Usammlung vu Projeten, déi scho laang ëmgesat oder beschloss gi sinn. Santé, Logement, Educatioun, Digitalisatioun, all Minister a Ministesch däerf hire Best-of vun de leschte Joren draschreiwen. Et gi kaum nach Virschléi oder konkreet Propose fir 2023 oder 2024.Fänke mer u mat der Formatioun an der Ëmschou- lung. Hei gëtt erëm eng Etüd ofgewaart, fir Pro- blemer unzegoen, déi mir schonn all kennen. Dat, wat d’OECD Lëtzebuerg hei attestéiert huet, ass, dass eis qualifizéiert Leit feelen, dass mer vill Schoulof- briecher hunn. Dat wousste mer schonn. An awer muss de Skillsdësch hei nach op Basis vum Text vun der OECD Fuerpläng ausschaffen, fir da konkreet Aktiounen auszeschaffen.Fir eis Piraten ass kloer, dass hei Offere fir Leit, déi mat niddregen Diplomer op den Aarbechtsmarc

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.