Vill Etuden op europäeschem Niveau weisen dass besonnesch 2 Sujete beim Choix fir en Elektroauto eng kruzial Roll spillen: d’Reechwäit an d’Luedinfrastruktur (sief et privat oder de Reseau an der Proximitéit vum Notzer).

D’Prioritéit muss op der Luedinfrastruktur leien, well ee bei der Reechwäit als politesch Autoritéite kee wierklechen Handlungsspillraum huet. Och an dem Regierungsaccord steet, dass den ëffentleche Reseau u Luedstatioune op cibléiert Manéier promouvéiert an ausgebaut soll ginn. Des Weidere steet am Accord, dass een sech oppe vis-à-vis vun der technologescher Entwécklung an dësem Beräich weist a weider Innovatiounen ënnerstëtzt. Och wa mir dës geplangten Efforten ënnerstëtzen, stelle mir eis Froe bei der praktescher Ëmsetzung vun dëse Pläng. Aktuell ginn et schonns Technologien déi de Choix fir en Elektroauto verstäerken an d’Lueden un enger Statioun als Experienz vereinfachen. Konkret denke mir hei un de Plug&Charge. Als Plug&Charge bezeechent een d’Méiglechkeet säin Elektroauto ouni RFID-Kaart ze lueden. Konkret kann ee bei eng Statioun bäifueren, de Kabel an- an ausstiechen an ouni wieder Interventioun direkt weiderfueren. Dat wat bei verschiddenen Operateure Standard ass an an aneren europäesche Länner schonns am Verglach méi verbreet ass, ass hei zu Lëtzebuerg nach éischter eng Raritéit. Proportional gesinn, schwätze mir hei vun enger klenger Minoritéit vun der existenter Luedinfrastruktur, an, eises Wëssens no, quasi exklusiv vu privaten Ubidder.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi positionéiert sech de Ministère vis-à-vis vun dësem Constat ?Sinn et Echangë mam nationalen Operateur zu dësem Sujet ginn a wat waren d’Konklusiounen vun dësen Diskussiounen? Falls nee, sinn esou Echangë kuerzfristeg geplangt?Gëtt et eng technesch Méiglechkeet déi bestoend ëffentlech Luedstatioune mat engem däraartegem System ze equipéieren oder brauch et komplett nei Statiounen?Wéi vill ëffentlech Luedstatioune bidden aktuell zu Lëtzebuerg eng Plug&Charge Optioun un?Ginn et Pläng dëse Standard an passend (weider) Luedstatiounen an déi ëffentlech Infrastruktur ze integréieren? Falls jo, wéi vill weider ëffentlech Plug&Charge Statioune si bis 2025 geplangt?Ass de Plug&Charge Standard Deel vun de Krittären, déi ee muss erfëlle wann een als Acteur Subside fir d’Opriichte vun enger ëffentlech zougänglecher Borne ufreet? A falls net, ass et kuerzfristeg geplangt dëse Standard als Krittär hei mat ze integréieren?QP Nummer 18720240124 QP GOERGEN Plug & Charge Reseau.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.