Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount August

Published by Piraten on

Mir hoffen dir hutt  d’Summerméint genoss a sidd erholl fir d’Rentrée am September.

Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount August.

Well d’Chamber iwwert de Summer zou war, goufe keng Gesetzer gestëmmt wärend dësem Mount. Trotzdeem hu mir vill geschafft, esou dass dir hei eis Communiquéen a parlamentaresch Froe fannt.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe  schonn  d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren   nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer op der Säit vun der Fro ënnert dem Text verlinkt, soubal dës virleien.

Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe  wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Zesummefaassung bei eise Froe laanscht a kuckt   iech d’Äntwerten un.

Wat gëtt et Neies  aus dem Beräich vun der Santé?

Schmierzpatienten erliewen oft ganz gravéierend  Aschnëtter an hiren Alldag, wann sinn  duerch  de Wéi net méi esou um Liewen deelhuele kënnen, wéi si dat wëllen. Dofir ass et wichteg, hinnen esou gutt et geet mat Schmierztherapien an och alternativen Traitementer ze hëllefen. Mir hunn dofir zwou parlamentaresch Froe gestallt. Emol wollte mir wëssen, wéi et mam Projet vun enger Lëtzebuergescher Schmierzklinik ausgesäit an emol wollte mir méi wëssen, iwwert déi kommend Liwwerungen u medezineschem Cannabis:

De Summer ass fir all d’Beruffssecteuren déi Zäit, an där déi meeschte Congéë geholl ginn.

Och am Santésberäich hu vill Leit profitéiert, fir sech no haarde Méint mat schwéier Aarbecht eng kleng Auszäit ze gönnen. Mee wéi ginn d’medezinesch Servicer assuréiert, wa vill Dokteren am Congé sinn? Mir hunn nogefrot:

Och an den Apdikte  gi perséinlech medezinesch Informatioune vun de Cliente gespäichert. Mir wollte wëssen, wéi et hei mam Dateschutz steet:

No enger iwwerstanener Covid-Infektioun hunn eng ganz Rëtsch Leit nach laang mat sougenannte „Long Covid“-Symptomer ze kämpfen. Mir wollte méi wëssen iwwert d’Etuden hei am Land zu dësem Sujet:

Aussepolitik – Topthema Afghanistan

Dëse Mount huet a Punkto Aussepolitik d’Situatioun am Afghanistan kloer dominéiert. D’Pirate  setzen sech fir d’Mënschen aus dem Land an an hunn dofir nom Fall vu Kabul direkt e puer urgente Froen un d’Ministere Bausch an Asselborn gestallt. Mir hunn d’Regierung opgeruff, fir vum A400M Gebrauch ze maachen an dësen ze notzen, fir mat der Belsch  an Holland, Leit aus der Stad ze evakuéieren. Dës Missioun ass elo leider schonn erëm op een Enn komm, vill sougenannt “Ortskräfte” konnten net rechtzäiteg evakuéiert ginn, eng Tragedie, déi op d’Versoe vu ville  Regierungen zréck ze féieren ass (d’Piraten hate  schonn  am Fréijoer nogefrot, wou mer mat den Evakuéierunge stinn). Trotzdeem  begréissen d’Piraten, dass Lëtzebuerg sech engagéiert huet, fir Europäer an Afghanen aus dem Land eraus ze kréien. Elo geet et drëm fir de  Mënschen, déi Asyl ufroen ze hëllefen, sech zu Lëtzebuerg een néit Liewen opzebauen.

Hei fannt dir eis 3 Froen:

Hei fannt dir och ee  flotten Artikel vum Essentiel iwwert eise fréiere Mataarbechter de  Farid a seng Vue op d’Situatioun am Land:

Neies aus dem Beräich „Gläichberechtegung & Gender“

De Marc Goergen huet am Lëtzebuerger Land en Artikel zum Thema Gläichberechtegung am Sport verëffentlecht. Hei kënnt dir den Text noliesen:

Digitaliséierung & Dateschutz – Wat gouf am August gemaach?

Mir haten am Juli eng ganz Rei Froen iwwert d’Masseniwwerwaachung gestallt, wou d’Äntwerten elo virleien:

Apple ënnersicht d’Date vu sengen Notzer ganz genee, fir kannerpornografesch Inhalter ze blockéieren. Ginn dobäi och d’Date  vu Regierungsmemberen duerchliicht?

D’Autoe vun Tesla sammele vill Daten iwwert de Chauffeur an och eventuell Bäifuerer. Ass dat e Risiko fir Regierungsmemberen?

Och an den Apdikte gi perséinlech medezinesch Informatioune vun de Cliente gespäichert. Mir wollte wëssen, wéi et hei mam Dateschutz steet:

Familljepolitik: Wéi eng nei Froen hunn d’Pirate gestallt?

D’Diskussiounen iwwert d’Covid-Infektiounen an Altersheemer, wou et keng individuell Buedzëmmer gëtt, haten d’Piraten dozou beweegt nozefroen, wéi vill Haiser  Zëmmeren ouni Buedzëmmer oder individuell Toilette ubidden. D’Äntwert läit elo fir:

Wat gouf am Beräich vun der Bildung iwwert de Summer gemaach?

D’Idee duerch  speziell Loftfilter d’Infektiounsgefor mam Covid-19 an zouene Raim  erofzesetzen ass net nei. Mir wollte wëssen, ob de Bildungsminister heiran eng Méiglechkeet gesäit, d’Sécherheet  an de Schoulen ze verbesseren:

Integratioun: Wat gëtt et Neies ?

Laut Gesetz musse staatlech Internetsäiten an Apps behënnertegerecht Konfiguréiert ginn. Mir wollte wëssen wou d’Aarbechten dru sinn:

Wéi behënnertegerecht sinn eis Busarrêten a wat  plangt d’Regierung an dësem Domaine nach? Mir hunn nogefrot:

Thema Sport: En Artikel vum Marc Goergen am Lëtzebuerger Land

De Marc Goergen huet am Lëtzebuerger Land en Artikel zum Thema Gläichberechtegung am Sport verëffentlecht. Hei kënnt dir den Text noliesen:

Kultur – Finanzhëllefe fir de Literatursecteur

Auteuren an Editeure kënnen zu Lëtzebuerg vu staatlechen Aide profitéieren. Mir wollte méi Detailer gewuer ginn iwwert d’Ausschëdde vun dësen Aiden:

Déiereschutz

Mir hunn eng Fro zum Handel mat Haiflossen gestallt. De sougenannte “Finning” vun Haiflossen ass an der kommerzieller Fëscherei normal. Am Dokumentarfilm “Seaspiracy”, deen op Netflix ze gesinn ass, gëtt ganz gutt erkläert, firwat de Finning moralesch verwerflech a geféierlech fir eisen Ekosystem ass. Hei fannt dir eis Fro :

Mobilitéit

Mir wollten ënnert anerem wëssen, wéi wäit d’Installatioun vu behënnertegerecht Busarrêten an den Ausbau vum gratis Wifi an den Zich weider kënnt :

Ëffentlechen Déngscht

Laut dem Gesetz vum 28.05.2019 muss de Staat seng Internetsäiten an Applikatioune behënnertegerecht gestallten. Nach net all d’Sitte  sinn awer konform an esou mussen d’Leit beim zoustännege Service Reklamatiounen areechen. Mir hunn nogefrot wéi de Staat op deem Punkt wëll weider maachen:

Finanzen

Am August hunn d’Deputéiert sech mat Steierfroen  ausernee  gesat: Wéini muss een seng Vente op Facebook a Co. bei der Steierverwaltung mellen? Wei gesäit et mat der Besteierung vun Akommes aus Kryptowärungen  aus? D’Froen an d’Äntwerte  kënnt dir hei noliesen:

Wirtschaft

D’Pirate setzen sech géint de Wal- an Haifang an an hunn dofir eng Fro zum Import vun Hai-Produiten a Lëtzebuerg  gestallt:

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.