Ahoi !d’Piratepartei invitéiert dech häerzlech op eis Walparty um Dag vun de Chamberswalen 2023, Sondeg, den 8ten Oktober.

Et wäert em 18:00 mat den éischte Resultater lassgoen.D’Party fënnt zu Clausen am Grizzly statt (5 Rives de Clausen, 2165 Gronn Lëtzebuerg, vis-à-vis vum Restaurant le Sud/ niewent dem Rock Box).Fir d’Iessen an d’Gedrénks kënnen ze finanzéieren, hu mir eng Flatrate opgestallt (30€ pro Erwuessenen, Kanner bis zu 11 Joer gratis), mat där jiddereen sou vill ze drénken a Fingerfood ze iesse kritt wéi e wëll. (exkl. staarken Alkohol)Iwwerweist fir d’Umeldung w.e.g. bis spéitstens den 22ten September de Montant vun der Flatrate op folgende Konto:Piratepartei Lëtzebuerg asbl (BCEELULL)Kommunikatioun: “Walparty 23 Flatrate + Unzuel vun Erwuessenen & Kanner”oder hei scannen:Däi Partner, deng Famill a deng Frënn sinn natierlech all wëllkomm!Fir all weider Froen si mir selbstverständlech fir dech do: een Uruff um 20 33 37 oder per Mail op [email protected] .Mir freeën eis op dech!

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.