M.

Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci der CSV, dem Gilles Roth, fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn. Fënnef Minutten iwwert d’Landes- planung, dat ass zimmlech sportlech, dofir ginn ech éischter op déi méi grouss Linnen dovunner an.Mir schwätzen haut iwwert déi nei Mouture vum Pro- gramme directeur, souzesoen d’Bibel vun der Raum- planung zu Lëtzebuerg. Bon, mat Bibelen hu mir Piraten et net esou, mee datt mir eng besser Raum- planung brauchen an engem Land, dat nëmmen esou grouss ass wéi d’Hallschent vun engem franséischen Departement, dovu si mir iwwerzeegt.Et gouf schonn eng ganz Rei Programme-directeu- ren – deen éischten ass vun 1978, dee leschten elo vun 2023 – mat villen, zum Deel exzellenten Iddie wéi d’Dezentralisatioun, d’Regionaliséierung, d’Zentrale- Orte-Konzept, eng méi systematesch interministeriell Zesummenaarbecht, mee villes dovunner ass leider net esou ëmgesat ginn, wéi et ugeduecht war, well raumplaneresch Virstellungen oft nëmme Wonsch- virstellunge bleiwen a sinn zu Lëtzebuerg, well villes just duerch den ökonomesche Brëll gekuckt gëtt.Et bréngt awer näischt zréckzekucken, mir musse mat deem eens ginn, wat haut ass, a mat deem, wat nach kënnt.Mir kenne jo wuel all de chroneschen Dilemma, an deem d’Raumplanung stécht – net nëmmen zu Lëtze- buerg, mee ganz besonnesch bei eis –: Wa se net stéiert, dat heescht agräift, koordinéiert an och emol eppes verbitt, da bréngt se näischt, da brauche mer se net, da gëtt et genuch där aner Ministèren. Wa se awer stéiert an agräift, jo, da wëll kee se hunn!De Programme directeur setzt sech ganz besonnesch mat der raimlecher Organisatioun vum Land auser- neen. Mat de groussen Ziler kann een nëmmen d’ac- cord sinn. Et geet am Fong drëm, eisem Territoire net méi zouzemudden, wéi e verdroe kann. Et ass vläicht net jidderengem bewosst, dass een och en Territoire iwwerfuerdere kann, seng Capacité d’accueil iwwer- strapazéieren, seng Ressourcen a seng Méiglechkee- ten ze vill belaaschten. Mir schwätze vun der sozialer Kohäsioun, déi leider d’Baach erofgeet; genau esou kann ee vun der territorialer Kohäsioun schwätzen, och si ass zu Lëtzebuerg bedrot.Natierlech muss d’Raumplanung och dem Klima- wandel Rechnung droen, dat heescht: Net egal wat an net egal wou maachen, fir méi kuerz Weeër suer- gen, d’Aarbechtsplazen do ariichten, wou d’Leit och wunnen, d’Zoubetonéiere vun eise Landschafte redu- zéieren, d’Wirtschaftsentwécklung op zentrale Plaze koordinéieren – déi allerdéngs dezentral verdeelt musse sinn –, d’Zentre vun eise Stied an Dierfer nei beliewen an opbléie loossen.Allgemeng gëtt gefuerdert, der Raumplanung méi Stellewäert, méi Gewiicht ze ginn. Schonn an den 90er-Jore stoung an all Regierungserklärung, d’Raumplanung misst nieft de Finanzen déi grouss staatlech Koordinatiounspolitick sinn oder ginn. Mee firwat maache mer et dann net einfach? Fir- wat maacht Dir et net einfach? Mir mussen dofir net d’Raumplanung nei erfannen, mir brauchen och kee Superministère, mee einfacht, logescht Denken. D’Natur ze schützen, geet schonn duer!Merci.M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.