Wéi vill Better stinn de Patienten am Süden zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Norden zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Zentrum zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Osten zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt?Wéi vill Infirmièrë schaffe jeeweils an de Spideeler aus dem Norden, dem Süden an dem Zentrum (an absoluten Zuelen an pro 10’000 Awunner gekuckt)?Laut dem Spidolsgesetz vum 8.

Mäerz 2018, ass all Spidol dozou verflicht e Service ze hunn, bei dem sech e Patient schrëftlech oder mëndlech bekloe kann, iwwert e Behuelen, eng Prise en charge oder allgemeng en net Respektéiere vu senge Patienterechter. Wéi vill schrëftlech Reklamatioune goufen a säit dem 1.01.2019 an deene verschiddene Servicer vun de Spideeler agereecht?Wéi zefridde respektiv onzefridde sinn d’Patienten am generelle mat de medezinesche Servicer hei am Land? Sinn hei Ënnerscheeder jee no Regioun festgestallt ginn? Falls jo, wat fir Grënn kéint dat hunn?Duerch wéi eng anner Indicateure gëtt d’Qualitéit vun de medezinesche Servicer hei am Land erfaass a bewäert? Wat sinn d’Seuils tolérables?An der Äntwert op d’Fro n°106 huet den deemolege Gesondheetsminister erkläert : “Den Audit vun den Urgencen 2017 huet gewisen datt d’Dauer tëschent dem Triage an d’Fleeg tëschent 40 an 90 Minutte fir all Spideeler ass.”

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.