Fuerschungsdaten vun der europäescher Ëmwelt Agence (EEA) weisen, dass d’Bierger an der EU ze ville Chemikalien ausgesat sinn.

Ënnert den 3 Länner wou d’Bierger dee gesondheetsschiedleche Seuil vu Bisphenol A iwwerschratt hunn ass och Lëtzebuerg. Bisphenol A gëtt normalerweis fir d’Hierstellung vu Plastik genotzt. D’Folge vun enger ze héijer Expositioun vu Bisphenol A kënnen ee geschwächten Immunsystem, Onfruchtbarkeet an Hautirritatioune sinn.Am Juli d’lescht Joer hat den Luxembourg Institut for Health (LIH) schonn an enger Studie vun Kanner festgestallt, dass all ënnersichtend Kand am Duerchschnëtt 61 chemesch Verbindungen a sengen Hoer hat. Am meeschte virkomm ass och hei de Bisphenol A.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi reagéiert d’Ministesch op d’Resultater vun der EEA?Wat wäert gemaach ginn, fir d’Expositioun vun de Leit ze reduzéieren?Wat fir Schrëtt hat d’Regierung no de Resultater vum LIH vum Juli 2022 geholl?Gesäit ee schonn éischt Resultater?QP Nummer 832320230918 QP GOERGEN Lëtzebuerger laut EEA ze ville Chemikalien ausgesat.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.