Projet de loi n°8383 et n°8384D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:Am Budget fir 2024 sinn d’Depensë par rapport zu 2023 eropgaange wat d’Remuneratioun vun de Regierungsmemberen ugeet.

Dëst obwuel sech d’Zuel vun de Ministere mat der neier Regierung reduzéiert huet ;De Staatsminister huet an an der Chamberskommissioun de 25ten Mäerz erkläert, datt den “bon sens” an “éthique du métier” all Regierungsmember géife verflichten, fir sech virbildlech ze behuelen. De Staatsminister sot och, datt dës Reegele kéinte präziséiert gi wann néideg ;An der Vergaangenheet sinn an der Press Berichter opkomm vu Fraisenofrechnunge vu Ministeren, déi bis zu de Recherchë vu Journalisten sech net bewosst waren, datt dës Fraisen net op Staatskäschten dierfte gemaach ginn ;Fir Beamte ginn et schonn esou Reegelen. Si hu Fortfaiten pro Nuecht ze gutt. Zousäzlech leet d’Circulaire vum Staatsministère vun 2016 fest:« par principe les déjeuners/dîners sont réservés à l’occasion de l’accueil de délégations étrangères ou d’entrevues avec des tiers par rapport à l’Administration, dans un contexte précis justifiant un tel geste. De simples réunions de travail entre fonctionnaires ne sauraient justifier l’organisation de déjeuners/dîners à charge du budget de l’Etat. »D’Chamber kënnt fir d’Deputéiert bei Déngschtreesen nëmmen fir Déplacement an Unterkunft opp. All aner Fraisen mussen Deputéiert selwer bezuelen.Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:Fir sech Reegelen ze ginn ähnlech wéi d’Chamber, déi festleeë wéi eng Fraisen an de Kader vum Mandat vun engem Minister falen, a wéi ee Minister mat de verschiddenen Ausgaben déi en tätegt soll ëmgoe, fir hei ee Maximum un Transparenz sécher ze stellen.2024/04/25 Motioun Piraten Reegelen MinisterenHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.