Published by Sven Clement onTëscht 2016 an 2020 gouf bei amerikaneschen Diplomaten an anere Regierungsbeamten ee Krankheetsbild festgestallt, wat d’Dokteren net kloer anuerdne konnten.

No engem Drockgefill am Kapp hunn d’Beamten ë.a. Schwindel, Iwwelkeet a Schied um Gehier erlieft. Den éischte bekannte Fall gouf 2016 zu Havanna festgestallt, mëttlerweil ginn d’Autoritéite vun 130 méigleche betraffenen amerikanesche Beamten a ville verschiddene Länner aus. Et ass net kloer wien oder wat responsabel ass, fir dës “anomalous health incidents”. Russland gëtt vun Amerika als méigleche Schëllege genannt. Amerikanesch Fuerscher solle laut New York Times am gaange sinn, un engem Apparat ze schaffen, deen den “Havana Syndrom” kéint ausléisen. Den 8 Oktober huet de President Biden den HAVANA-Act ënnerschriwwen, ee Gesetz wat d’amerikanesch Beamten am Fall vun neurologeschen Attacke soll besser finanziell ofsécheren. Am Havana Syndrome Attacks Response Act gi méiglech Sanktioune géint Persounen an och Länner festgehalen, wann eng Schold géing festgestallt ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Ass dëse Sujet bei Gespréicher tëscht dem Minister a sengen Homologen opkomm?Wéi positionéiert Lëtzebuerg sech par Rapport zu dëse Virfäll?Gesäit de Minister d’Gefor, dass sech “anomalous health incidents” och kéinten op héisch Beamten an Diplomaten aus EU-Länner auswäiten?Huet d’USA schonn seng NATO-Partnerlänner ëm Hëllef gefrot?Wéi d’New York Times an engem Artikel vum 24ten Mee 2021 schreift:  “U.S. national-security agencies have a program under way to develop effective countermeasures. They are currently looking into what it might take to build a device that can cause brain injuries similar to those which have been observed in Havana Syndrome patients. As part of that effort, scientists at a military laboratory are planning on exposing primates to pulsed microwave radiation and then studying their brains.” Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg par Rapport zur Entwécklung vun enger Maschinn, déi soll kënne Schied um Gehier ervirruffen?QP Nummer 537320211210 QP CLEMENT Havana-Syndrom.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.