Wäert den Inneministère a punkto Sécherheetsfirmen intervenéieren?Published by Marc Goergen onD’Stater Oppositiounsparteien hu sech den 21ten September an engem Bréif un d’Madamm Banneministesch gewannt, an dem si d’Ministesch eng weider Kéier bieden, ze intervenéieren, fir datt d’Stater Gemeng d’Konventioun mat der privater Sécherheetsfirma kënnegt.

Am Bréif gëtt op déi widderspréchlech Aussoe vun der Buergermeeschtesch an engem Schäffe par Rapport zu den Aufgabe vun der privater Sécherheetsfirma an dem Incident op der Stater Gare vum 4te September opmierksam gemaach.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wäert d’Madamm Ministesch beim Schäfferot vun der Stater Gemeng intervenéieren, fir de Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma ze kënnegen?Wäert d’Madamm Ministesch beim Schäfferot vun der Stater Gemeng intervenéieren, fir dass kee weidere Kontakt mat enger privater Sécherheetsfirma, deen Aufgaben enthält, déi net vum Gardinage-Gesetz vun 2002 ofgedeckt sinn, méi wäert ofgeschloss ginn?QP Nummer 500820210924 QP GOERGEN Wäert den Inneministère a punkto Sécherheetsfirmen intervenéieren?.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.