Wéi vill militärescht Material ass am Afghanistan?Published by Sven Clement onD’Taliban hunn d’Kontroll am Afghanistan iwwerholl an hunn domat och Kontroll iwwert Militärmaterial krut, dat déi afghanesch Arméi zréckgelooss huet.

Wéi d’New York Post mellt: “”National security adviser Jake Sullivan admitted Tuesday that the Taliban gained significant troves of military hardware and weaponry that they took from Afghan security forces — and the Biden administration is still trying to determine the amount of American military equipment that is now in the hands of the extremist insurgents.”” Am Juli 2003 ass den éischten Asaz vun der Lëtzebuerger Arméi am Afghanistan lancéiert ginn. Deemools goufen, am Kader vun der ISAF-Missioun, 9 Zaldoten an d’Land geschéckt. Dës goufen iwwert Joren dann och ëmmer erëm mat Material versuergt. Esou goufen 2011 zum Beispill 4 Transportvehiculë vum Typ Dingo 2 an den Afghanistan transportéiert.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill militärescht Material gouf wärend der Zäit vum Asaz vun der Lëtzebuerger Arméi an den Afghanistan transportéiert?Wéi vill militärescht Material gouf wärend dem Asaz beschiedegt an zerstéiert?Wéi vill Material gouf herno erëm aus dem Afghanistan eraus transportéiert?Wéi vill Material gouf nom Ofzuch vun de leschten Truppen am Mee 2021 sur Place gelooss? A wéi engem Zoustand?QP Nummer 488120210819 QP CLEMENT Militär Material.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.