D’ECOBOX-Aktioun vun der SuperDrecksKëschtPublished by Sven Clement onD’SuperDrecksKëscht bitt säit kuerzem EcoBoxen un, weiderverwäertbar Iessensbehälter déi virun allem am HORECA Secteur sollen hëllefen, Iessensverschwendung ze vermeiden a Verpackungsmüll ze produzéieren.

An der Rahmenvereinbarung mat der SuperDrecksKëscht ass ze liesen, dass ee Betrib respektiv “einen Einrichtung” dierfe bei der Aktioun matmaachen.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Dierfen och Veräiner op ECOBOXen fir hir Memberen zréck gräifen, och wann et sech dee Moment net ëm eng Firma handelt, an se net onbedéngt eng professionell Spullmaschinn, fir d’Wäsche vun den ECOBOXen hunn? Falls nee, denkt de Ministère drun, dës Aktioun och op Veräiner an Associatiounen auszewäiten?Wéi vill ECOBOXen sinn aktuell am Ëmlaf?Kann d’Ministesch Informatiounen zu de Käschte vun der Aktioun ginn? Wat fir ee Käschtepunkt ass fir dat éischt Joer vun der Aktioun virgesinn?QP Nummer 437420210528 QP CLEMENT D’ECOBOX-Aktioun vun der SuperDrecksKëscht.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.