M.

Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, anescht wéi d’Exper- ten et recommandéiert hunn, wäert dëse Summer keng Impfflicht fir Persounen iwwer 50 Joer kommen.Dat ass also elo déi iwwerraschend Positioun vun der Regierung, déi virun der Publikatioun vun de Recom- mandatiounen nach gesot hat, datt se grad deen Expertenavis wéilt consideréieren an op dee wéilt waarden, fir dann deen ze suivéieren an dat als Ent- scheedungsgrondlag ze huelen. U sech kéint een haut der Regierung oder zumindest dem Staatsminis- ter eng Goldmedail am Zréckrudderen offréieren.(Interruption)Well genau dat ass hei geschitt: Am Januar dat Eent als alternativlos proklaméiert an haut genau dat nämmlecht, jo, erëm ofgemellt, kéint ee bal soen.Haaptgrond, fir elo awer keng Impfflicht anzeféieren, ass der Regierung no d’Onsécherheet, déi mam Virus a senge ville Variante verbonnen ass, an e rezenten – et muss rezent sinn – Zweifel dorunner, ob eng Impf- flicht iwwerhaapt eppes géif bewierken.Mir wëssen haut net, wéi enger Variant a wéi engen héijen Infektiounszuele mer am Hierscht, am Wanter géintiwwerstoe wäerten. Wéi solle mer do wëssen, ob eng Impfflicht néideg an domat gerechtfertegt ass? A kann ee wierklech dovunner ausgoen, datt Persounen, déi méi Angscht virun der Impfung wéi virum Virus hunn, sech fräiwëlleg wäerten impfen, wann et bis eng Impfflicht gëtt? Alles eigentlech keng nei Froen, mee iergendwéi hu se entre-temps bei der Regierung eng nei Gewiichtung kritt.Fir eis waren dës Froen awer schonn ëmmer zentral an duerfir ware mer och am Wanter schonns géint eng Impfflicht. Mir haten d’Fro vun der Impfflicht deemools bekannterweis och eise Memberen zumVott virgeluecht. An och do huet sech eng kloer Majo- ritéit géint eng Impfflicht ausgeschwat. Elo am Sum- mer bleiwe mer also bei eiser Positioun, an zwar net, well mer mengen, d’Impfung wär onnëtz, mee well mer net mengen, datt een den Impftaux mat enger Impfflicht an d’Luucht dreiwe kann.D’Erfarungen aus dem Ausland weisen, datt Mën- schen, déi sech net wëlle géint de Covid impfe loos- sen, sech majoritär och net dann impfen, wann eng Impfflicht agefouert gëtt. An et gi souguer Etüden, déi sech mat enger Impfflicht géint d’Riedele beschäf- tegt hunn, déi weisen, datt Mënschen den Impfstoff, wann en obligatoresch ass, éischter ofleenen an éischter fir geféierlech halen, wéi wann d’Impfung fräiwëlleg ass. D’Vertrauen an d’Institutiounen!Dat ass sécher net dat, wat ee sech als Gesetzgeeber vun enger Impfflicht géif erhoffen. De Premier hat also Recht, wéi e gëschter sot, datt eng Impfflicht just dann en Erfolleg ka sinn, wa se vun enger bree- der Majoritéit vun der Bevëlkerung gedroe gëtt, dat heescht, wann e gesellschaftleche Konsens besteet, datt ee sech soll impfen, well sech da jo souwisou jidderee fräiwëlleg wäert impfen. Da stellt sech eebe just d’Fro, firwat een dann iwwerhaapt nach eng Impfflicht brauch, wann d’Leit sech jo grad fräiwëlleg impfen, well et jo e Konsens gëtt.Dir gesitt, dat geet hei e bëssen am Krees. De Pro- blem vun der Impfflicht ass also deen: Wa vill Leit sech net wëllen impfe loossen, schéngt eng Impfflicht zwar sënnvoll ze sinn, mee d’Praxis weist, datt se den Impftaux awer net hieft, well d’Leit léiwer d’Strofen akzeptéiere wéi eng Impfung ze kréien, där se net trauen. A wa vill Leit sech wëllen impfe loossen, majo, da brauch et keng Flicht. D’Impfflicht ass an deem engen Zenario also wierkungslos an an deem aneren onnéideg.Eng Impfflicht schéngt also a kengem Fall zilféierend ze sinn, an dat werft elo natierlech Froen op, wann et drëms geet, eeben déi Texter ze preparéiere fir eng eventuell Impfflicht fir de Wanter.Prinzipiell ass et jo net schlecht, virbereet ze sinn. An dofir hätte mer sécher näischt dergéint, wann d’Regie- rung schonns Texter géif preparéieren. Et wonnert mech dann hei awer erëm, datt dat nach ëmmer net gemaach gouf. Mir kruten ursprénglech gesot, am Abrëll wären d’Texter do. Ech hunn eng Kéier rezent op de Kalenner gekuckt …(Interruption)Här Bausch, „Jo, se sinn do.“ Mir kréien allkéiers vun der Regierung gesot: „D’Texter sinn do, d’Texter sinn do.“ Dës Chamber als Legislateur huet déi Texter nach net gesinn an dat net am Abrëll, net am Mee, net am Juni, net am Juli bis elo. An domadder sinn d’Texter fir d’Chamber net do. Se sinn net vun der Regierung deposéiert. An deementspriechend kënne mer net op engem konkreeten Text diskutéieren. Mir diskutéie- ren …M. Fernand Etgen, Président | Här Clement, erlaabt Der, datt den Här Bausch Iech eng Fro stellt?M. Sven Clement (Piraten) | Jo, e ka mer gären eng Fro stellen.M. François Bausch, Vice-Premier Ministre | Här Clement, Dir sidd jo genau wéi mir der Meenung, datt, wann een e Gesetzesprojet wëllt dep

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.