Covid-Immunitéit verstoen – Antikierper-Tester fir infizéiert Persounen

Published by Marc Goergen on

An de leschte Wochen a Méint goufen honnertdausende vu Persounen zu Lëtzebuerg mat Vaccinen géint de Sars-Cov-2 geimpft.

Wärend d’Impfcampagne méi Fortschrëtter mécht, ass festzestellen, dass d’Indicateuren, déi ee Bild iwwert de Verlaf vun der Pandemie ofginn, sech veränneren. Effektiv si vill manner Leit an de geimpften Altersgruppen a Kategorien krank, d’Zuele vun de beluechten Better an de Spideeler ass och signifikant erofgaangen.

Trotz dëse gudde Noriichte bleift Virsiicht ugesot, well nach net empiresch beluecht ass, wéi gutt a wéi laang d’Impfung virum Covid-19 schützt an ob se géint weider Mutatioune vum Virus ugepasst ass.  Elo ass et awer esou, dass net nëmme geimpfte Persounen eng Immunitéit géint de Sars-Cov-2 opgebaut hunn. Och déi zéngdausenden Covid-Infizéiert hunn wärend hirer Krankheet och Antikierper opgebaut.

Wéi uewe beschriwwen, ass awer leider net gewosst, wéi laang d’Antikierperen – ob duerch d’Impfung oder duerch ee Krankheetsverlaf – am Blutt erhale bleiwen. D’serologesch Tester fir d’Fanne vun Antikierpere wier eng Piste, fir erauszefannen, wéi sech d’Quantitéiten un Antikierperen am Blutt entwéckelen, andeems een a reegelméissegen Ofstänn, Bluttprouwen vu geheelten a geimpfte Persounen géif huelen, fir d’Evolutioun vun den Antikierperen empiresch ze moossen. Esou wäit eis bewosst ass, mécht d’Santé aktuell keen esou Suivi.

Wéi op der Website covid19.lu ze liesen ass, ginn d’Blutttester ausschliisslech genotzt, fir d’Evolutioun vun der Pandemie z’erfaassen:

“Un taux élevé ou faible d’anticorps ne signifie pas nécessairement que l’on est immunisé, car les anticorps ne représentent qu’une fraction de la réponse immunitaire globale de l’organisme. Un échantillon représentatif de la population du Luxembourg, sélectionné sur base du lieu de résidence, de l’âge et du ménage, est invité chaque semaine dans le  cadre du Large Scale Testing afin de permettre un suivi continu de l’évolution de la pandémie. “

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

Realiséiert d’Regierung serologesch Tester, fir erauszefannen, wéi d’Unzuel vun den Antikierperen am Blutt sech mat der Zäit entwéckelt? Bei wéi vill Persounen déi an den Isolement gesat gi sinn, ass ee Suivi gemaach ginn, fir d’Unzuel vun hiren Antikierper ze moossen? 1. Falls jo, wéi ginn dës Donnéeën erhuewen, wéi sinn Echantillonen opgebaut a wéi ginn dës Donnéeën ausgewäert? Wat ass d’Zill vun dëser Erhiewung? 2. Falls nee a falls d’Ministesch sech op d’Informatiounen beruffe sollt, dass d’Antikierperen kee komplett Bild vun der Immunitéit erëmginn: ass et wëssenschaftlech richteg, dës Donnéeën a priori vun enger Erhiewung auszeschléissen, wann net gewosst ass, ob se a posteriori kéinten dozou déngen, de Covid19 besser ze verstoen?

Wéi eng aner Moossungen ginn aktuell vun der Regierung duerchgefouert, fir erauszefannen, wéi laang d’Immunitéit no enger Covid19-Krankheet erhale bleift?

Wéi eng aner Moossungen ginn aktuell vun der Regierung duerchgefouert, fir erauszefannen, wéi laang d’Immunitéit no enger Impfung erhale bleift?

Mëscht d’Santé een Ënnerscheed, tëscht de Persounen déi positiv a “positiv faible” (> 33CT) getest goufen?

Am vir Juni viséierte Covid Zertifikat, soll eng Persoun och kënnen eng iwwerstanen Infektioun uginn. Wäert hei een Ënnerscheed gemaach ginn, tëscht Persounen déi positiv getest goufen a Persounen déi “positiv faible” getest goufen ?

QP Nummer 4373

20210528 QP GOERGEN Covid-Immunitéit verstoen – Antikierper-Tester fir infizéiert Persounen.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.