11 Spuerkeess-Agencë ginn zou – wat wosst d’Regierung dovunner a wat geschitt elo mam Personal? Virun zwee Deeg gouf an der Chamber eng Interpellatioun vun e puer Stonne gefouert zum Thema vum ländleche Raum.

Haut, also zwee Deeg dono, huet d’Spuerkeess an engem Communiqué matgedeelt, dass no enger interner Studie 11 Agencen am Land hier Diere fir ëmmer wäerten zoumaachen. Déi 38 Mataarbechter vun de betraffenen Agence sollen op aner Agencen opgedeelt ginn. Verschidde Gemengeresponsabelen hunn monéiert, dass si näischt vun dëser Decisioun wossten. D’Gesetz vum 24te Mäerz 1989 gesäit vir, dass d’Spuerkeess duerch seng Aktivitéiten zur wirtschaftlecher an der sozialer Entwécklung vum Land bäidroe soll. D’Spuerkeess als Etablissement public gehéiert zu 100% dem Lëtzebuerger Staat. Am Verwaltungsrot vun der Spuerkeess sëtze 5 Administrateuren, déi vum Staat nominéiert sinn, soudass d’Decisiounen net ouni d’Averständnis vum Finanzminister geholl konnte ginn.. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung zwou getrennte parlamentaresch Froe gestallt:Froe vum Marc GoergenHerunterladenWosst de Finanzminister am Virfeld vum Communiqué vun der Spuerkeess Bescheed, dass déi 11 Agencë schléisse wäerten? Huet d’Spuerkeess de betraffene Gemengen am Virfeld vun hirer Decisioun Bescheed gesot? Falls nee, empfënnt de Finanzminister et net als schlechte Stil, dass d’Gemengen aus der Press viru fäerdeg Tatsaache gestallt goufen? Ugesiichts vum Fakt, dass de Staat 5 vu 9 Administrateuren am Verwaltungsrot vun der Spuerkeess stellt, hunn d’Fonctionnairen d’Decisioun, d’Filialen zou ze maachen, mam Accord vum Finanzminister getraff? Wéi ass d’Schléissung vu Filialen vun engem Service public vereenbar mam Zil, d’ländlech Géigende méi attraktiv ze gestalten? Wéi wëll d’Spuerkeess verhënneren, dass Bierger, déi keen Accès op Online-Banking hunn, vun dësem Service ausgeschloss ginn? Ass virgesinn, déi zukünfteg eidel Agencë vun der BCEE fir de Logement oder de klenge Commerce ze notzen? Froe vum Sven ClementHerunterladenWéi een Impakt wäert d’Reaffektatioun vun 36 Mataarbechter op d’Astellungspolitik vun der Spuerkeess hunn? Plangt d’Spuerkeess an Zukunft weider Mataarbechter anzestellen? Wäerten déi ofgeschaafte Posten an Zukunft ersat ginn? Falls jo a wéi enge Beräicher a wäerten d’Mataarbechter Ëmschoulungen ugebuede kréien? Falls nee, ginn déi 36 Posten an Zukunft nach reduzéiert (zum Beispill duerch net ersaten Departen an d’Pensioun?)

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.