Published by Marc Goergen onDen informatesche System bei der Police ass bekanntlech net méi ee vun de modernsten.

Den aktuelle Policeminister hat den 19te Februar 2021 nach eng Kéier ënnerstrach, dass de Fonctionnement vun der Police moderniséiert muss ginn an huet dozou och véier Pilieren uginn, op deenen dës Modernisatioun opbaue soll. Effektiv ass am Communiqué ze liesen:"The four main projects selected are the establishment of a centralised PMO (project management office) team whose mission is to promote operation in project mode for the entire police; the SPExpert system, which provides for the introduction of a computer program for the preparation of service plans for rolling units; the central portal, which provides a single centralized entry into a transversal work environment where internal communication, collaboration and business needs meet, and finally mobile tools whose purpose is to equip police officers and investigators with portable devices (Digital eXperience Platform)." Ee performantn IT-System misst an der Lag sinn, fir Prozeduren an engem zesummenhänkende Prozess sécher ze verschaffen, weiderzeleeden an zentral ze späicheren. Déi verschidde mobil Aarbechtsgeräter, mat deenen d'Polizistenmusse schaffen, missten an esou engem System interoperabel sinn, fir déi digital Entwécklung vun der ëffentlecher Sécherheet konstant kënne weider z'entwéckelen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill Euro goufen zënter 2018, opgeschlësselt no Joer an no Firma, am Zesummenhang mat der Digitaliséierung vun der Police fir extern Etüden a Consulting-Servicer ausginn? Wéi vill Unitéite kënnen, Stand haut, zu all Moment op eng Tablett oder een anert mobilt Geréit zeréckgräifen, fir déi noutwendeg Prozeduren a Schrëftstécker ausserhalb vum Büro fäerdeg ze maachen (zum Beispill d'Opstelle vun engem Minutes)? Wéi vill Unitéite kënnen, Stand haut, iwwert ee Mobilgerät op d'Informatioune vun den Datebanken zougräifen, op déi d'Police am Kader vun hirer Missioun Zougang huet an dëst ausserhalb vun engem Büro an ouni de Funk ze benotzen? Wéi sinn di mobil Geréiter an der Police verdeelt, opgeschlësselt no Unitéit an Effectif vun der Unitéit? Wat ass de Stand an den Timing vun de Projet'en, déi et de Polizisten erméigleche sollen, fir méi effizient ze schaffen, notamment d'Projet'en POLIS, Portail central, Outils mobiles a GED (Electronic Document Management)? QP Nummer 586820220304 QP GOERGEN IT-Entwécklung bei der Police.pdfHerunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.