Aides au logement – Wéi kommen d’Dossiere virun?Published by Piraten onD’Präisser um private Logementsmarché sinn an de leschte Joren ëmmer weider ugestigen a fir vill Leit stellt d’Finanzéiere vun engem appropriéierte Wunnraum fir sech an eventuell hier Famill dofir eng grouss Erausfuerderung duer.

Fir Persoune mat geréngem Akommes an och de Mëttelstand ze ënnerstëtzen, Loyeren, Immobiliëkreditter oder Käschte vu Renovatiounen an alen Haiser ze bezuelen, goufen eng ganz Rei staatlech Aiden an d’Liewe geruff.Ob dës Aiden de Betraffene wierklech hëllefen, hänkt vun hirer Héischt of a vun der Vitesse an där se kënnen ausbezuelt ginn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Um locative Wunnengsmaart soll de Leit mat Loyers Subventioune gehollef ginn, déi steigend Loyeren och mat geréngen Akommes nach bezuelen ze kënnen.• Wéi héisch ass de maximale Montant, deen en Demandeur/Menage vun enger Subvention de Loyer ausbezuelt ka kréien?• Wéi héich däerf d’Akommes vum Demandeur/Menage maximal sinn, fir dass nach vun enger Subvention de Loyer ka profitéiert ginn? Wéi héich sinn d’Aiden an deem Fall nach?• Goufen dës Grenzwäerter an de leschte Jore wéinst de steigende Wunnengspräisser no uewe korrigéiert?• Ass de Minister der Meenung, dass dës Montanten un den aktuelle Marché ugepasst sinn?Well d’Wunnengspräisser ëmmer weider an d’Luucht ginn, gëtt et fir Persoune mat geréngen a mëttleren Akommes och ëmmer méi schwéier selwer Proprietär vun enger Immobilie ze ginn. D’Prime de construction an d’Prime d’acquisition sollen de Leit hëllefen eegene Wunnraum ze kafen.• Wéi héisch ass jeeweils de maximale Montant, deen en Demandeur/Menage vun enger Prime de construction/Prime d’acquisition ausbezuelt ka kréien?• Wéi héich däerf d’Akommes vum Demandeur/Menage maximal sinn, fir dass nach vun enger Prime de construction/Prime d’acquisition ka profitéiert ginn? Wéi héich sinn d’Aiden an deem Fall nach?• Goufen dës Grenzwäerter an de leschte Jore wéinst de steigende Wunnengspräisser no uewe korrigéiert?• Ass de Minister der Meenung, dass dës Montanten un den aktuelle Marché ugepasst sinn?Wéi vill Dossiere goufe jeeweils fir déi folgend Aiden agereecht (oder goufe fir eng reegelméisseg Reevaluatioun nees opgemaach) a ginn aktuell nach traitéiert?• Complément de prime pour frais d’architecte et d’ingénieur-conseil• Aide pour aménagements spéciaux pour personnes handicapées physiquesWat ass an der Moyenne d’Zäit déi tëscht der Introduktioun/Reouverture vum Dossier a senger Clôture/dem Ausschëdde vun der Aide vergeet (opgelëscht pro Aide aus der hei ugefouerter Lëscht)?Ass aktuell genuch Personal an der Administratioun des Aides au Logement agestallt, fir d’Dossieren an engem räsonabelen Zäitraum ze traitéieren?Wéi kéinten d’Prozeduren optiméiert ginn, fir e méi séiert Traitement vun den Dossieren ze erméiglechen?QP Nummer 496720210916 QP CLEMENT aides au logement.pdfHerunterladen