Published by Sven Clement onFir Persoune mat enger visueller Beanträchtegung ze hëllefen sech am ëffentleche Raum z’orientéieren, existéieren eng Rei technesch Hëllefsméiglechkeeten, wéi zum Beispill de Bodenleitsystem (dat sinn déi wäiss Plättercher mat Relief, déi bei Foussgängersträifen oder op Quaien installéiert sinn) oder akustesch Signaler bei Foussgängersträifen.

Dës sinn nëmmen e puer vu villen Innovatiounen, déi de Persoune mat engem Handicap kënnen am Kader vun hirer alldeeglecher Mobilitéit nëtzlech sinn.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi vill Busarrête ginn et zu Lëtzebuerg?Wéi vill Busarrête goufe rollstullgerecht konzipéiert? Wéi vill Bushäisercher si rollstullgerecht konzipéiert?Wéi vill Busarrêten hei am Land verfügen iwwert ee Bodenleitsystem?Wéi vill Busarrête verfügen iwwert Fuerpläng, déi och fir Persoune mat visuelle Beanträchtegungen accessibel sinn (zum Beispill, wou de Plang ze héieren oder a Braille-Schrëft affichéiert ass)?Wéi vill Busarrête stinn ënnert der Responsabilitéit vun de Gemengen a wéi vill ënnert där vum Staat?QP Nummer 488620210820 QP CLEMENT Behënnertegerecht Busarrêten.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.