Published by Sven Clement on

Den 112 ass net nëmmen déi operationell Zentral vum CGDIS mee gëllt als Europäeschen Noutruff.

Ënnert anerem folgend Informatioune fënnt een um Internetsite vum CGDIS wat den 112 betrëfft:

“Comme le central téléphonique du CSU 112 constitue l’élément vital de l’organisation des secours d’urgence dans tout le Grand-Duché, il est primordial de porter une attention toute particulière à la fiabilité et à la sécurité des équipements opérationnels. Le bon fonctionnement du Central des Secours d’Urgence 112 est un des éléments essentiels de la chaîne de secours. Le CSU 112 est doté d’une équipe qui se compose en permanence de minimum 4 opérateurs issus du Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours sous la responsabilité d’un chef de salle. Conscient de l’évolution rapide ainsi que de l’accroissement grandissant des missions, activités et attentes incombant aux agents-opérateurs du CSU 112, la direction du Corps grand-ducal d’incendie et de secours propose à intervalles réguliers des cours de formation continue. (https://112.public.lu/fr/organisation/csu.html an https://112.public.lu/fr/organisation/csu/technic.html )”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

Kann d’Ministesch confirméieren, dass d’Agente vum 112 ënnert 3 verschidde Statute schaffen (Employé, Fonctionnaire a Pompier professionnel fonctionnaire)? Wéi ass dat ze erklären?

Wat ass de kompletten operationellen Effektiv vum 112 a wéi vill dovunner si sougenannte ‘Opérateurs’ a wéi vill si ‘Chefs de salle’?

Huet all pompier professionnel fonctionnaire vum ‘Cadre de base’ no senger Vereedegung den Emploi « chef de binôme SAP* » an den Emploi « chef de binôme INCSA* » ? (*SAP = Secours à personne (Ambulanz) / INCSA = incendie et sauvetage)

Wéi vill ‘Opérateurs’ si Pompier professionnel fonctionnaire?

Wéi vill ‘Chefs de salle’ si Pompier professionnel fonctionnaire?

Laut mengen Informatioune kann all Agent vum 112 (egal op Fonctionnaire oder Employé) dee virum CGDIS, also virum 01.07.2018 agestallt ginn ass, an d’Karriär vum Pompier professionnel fonctionnaire wiessele wann en di néideg Formatiounen hat oder nomécht. Wéi vill Agente vum 112 hunn bis haut dee Wiessel gemaach a wéi vill dovunner si ‘Chefs de salle’ a wéi vill si ‘Opérateurs’?

Wéi vill ‘Chefs de salle’ hunn den Emploi « Chef de binôme SAP » an den Emploi « Chef de binôme INCSA »?

Wéi vill ‘Opérateurs’ ‘hunn den Emploi « Chef de binôme SAP » an awer och den Emploi « Chef de binôme INCSA »?

Wéi vill ‘Opérateurs’ hunn de Promotioun-Examen?

Laut ‘Référentiel Emploi & Activités’ vum CGDIS deen den 18.06.2020 vum Verwaltungsrot vum CGDIS approuvéiert ginn ass, muss ee mëttlerweil ënnert anerem berufflech d‘Emploien « Chef de binôme SAP » an « Chef de binôme INCSA » hunn fir op den 112 als ‘Opérateur’ ze schaffen. Laut mengen Informatiounen ass awer rezent en ‘Agent’ op den 112 gewiesselt deen déi Krittären net all erfëllt. Kann d’Ministesch dat confirméieren?

Kann d’Ministesch confirméieren, dass ee ‘Chef de salle’ bis haut iwwerhaapt guer keen Emploi INCSA a SAP huet a bis viru kuerzem mol kee Promotioun-Examen hat? Wa jo, wéi ass dat ze erklären? Kann dee concernéierte ‘Chef de salle’ iwwerhaapt aktiv um Déngscht op enger Ambulanz oder en Tankwon deelhuelen?

Ass de Poste vum ‘Chef de salle’ en PRP (poste à responsabilité particulière)? Wa jo, huet deen eng Primme vu 15 Punkten zegutt?

Ass de Poste vum ‘Opérateur’ en PRP? Wa jo, huet deen eng Primme vu 15 Punkten zegutt?

Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass verschidde ‘Opérateurs’ also wesentlech besser forméiert sinn ewéi verschidde ‘Chefs de salle’?

Kann den Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet mir soe wat de kompletten operationellen Effektiv un ‘Chefs de salle’ vum 113 ass a wéi vill ‘Chefs de salle’ keng Poliziste sinn an/oder kee Promotioun-Examen hunn?

QP Nummer 4938

20210908 QP CLEMENT D’Ekippen beim 112 an 113.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.