Klimabilanz vu Business Class FlichPublished by Marc Goergen onPersounen, déi an d’Vakanz wëlle fléien, kënnen sech fir verschidden Destinatiounen tëscht Economy, Business oder First Class entscheeden.

Am Fall, wou ee Business oder First Class bucht, huet d’Rei am Fliger nëmmen 2 Sëtzer, respektiv gëtt laut der “Free Steat Policy” de Sëtz an der Mëtt fräi gelooss. Doduerch fléie manner Passagéier an enger Maschinn vun A no B.An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:Wéi chiffréiert sech am Duerchschnëtt den Ënnerscheed un d’CO2-Emissiounen pro Kapp tëscht engem rengen Economy-Fluch an engem renge Business-Fluch?Wéi positionéiert sech d’Regierung par Rapport zu Businessflich virum Hannergrond vum rezentste Klimarapport vun der IPCC? Denkt d’Regierung, dass esou ee Modell weider gefërdert soll ginn?Am Kader vun der CO2-Besteierung, gëtt op EU-Niveau elo och iwwert eng Kerosin-Stéier nogeduecht. Wéi steet d’Regierung zu enger CO2-Stéier, déi tëscht engem Economy, Business a First Class Fluch géing ënnerscheeden?QP Nummer 492820210903 QP GOERGEN Klimabilanz vu Business Class Flich.pdf Herunterladen

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.