D’Belsch Medien haten de schonn den Dag virdru gemellt, dass d’Regierung ëm de Premier De Croo géing Fligeren an den Afghanistan fir Repartimenter schécken.

D’Belsche Regierung huet explizitt erwäänt, dass een A400M sollt ënnert de Fliger sinn.Et huet sech also d’Fro gestallt, ob d’Decisioun, den A400M lass ze schécken, vun der Lëtzebuerger Regierung getraff gouf oder op d’Belsch net scho vir Lëtzebuerg mat decidéiert hat.An nawell, den Defenseminister huet an der Äntwert op eng weider parlamentaresch Fro vun de Piraten Deputéierten erkläert, dass:“Am Kader vun der Operatioun ,,Red Kite” hunn di Belsch Autoritéiten de 16. August 2021 gefrot ob Lëtzebuerg Awänn hatt dass de lëtzebuergeschen A400M un där Operatioun Deel hëlt. D’Belsch Autoritéite kruten innerhalb vu 24 Stonne matgedeelt dass dëst net de Fall wier.”D’Decisioun, fir de Fliger ze schécken, gouf also net wéi vum Minister duergestallt, vun der Lëtzebuerger Regierung getraff, mee vun eise Belschen Noperen.Wat dann d’Lizenzen ugeet, déi laut RTL Informatioune gefeelt hunn, fir de Fliger bis op Kabul ze schécken, esou heescht et an der Äntwert vum Minister:“Et handelt sech net em Lizenzen, mee em spezifescht Equipement, Homologatiounen, Zertifikatiounen a Qualifikatioune vum Personal. Am Kader vun dem Opbau vun der binationaler A400M Unitéit sinn dës zu engem spéideren Zäitpunkt virgesinn.”Den A400M kann also och bal 1 Joer no senger Liwwerung, nach net voll a ganz genotzt ginn.Dës Zertifikatiounen an d’Ausbildung vun dem néidege Personal sollt schnellstméiglech nogeholl ginn, esou dass Lëtzebuerg an Zukunft Gebrauch vu sengem Fliger ka maachen.D’Pirate fannen, dass d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kloer wéisst, dass d’Lëtzebuerger Regierung hei geschlof huet. Si huet net wéi an den diversen Interviewen duergestallt, decidéiert, fir Leit aus dem Afghanistan ze retten, si huet sech just der belscher Rettungsaktioun net an de Wee gestallt.

Do you see content on this website that you believe doesn’t belong here?
Check out our disclaimer.